Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Coupe am Basket : T71 Diddeleng klappt Steesel a steet an der 1/8-Finall

An de 1/16-Finalle huet sech den T71 Diddeleng am Spëtzematch an der Overtime duerchgesat. De Racing huet sech iwwerraschend géint Zolwer behaapt.

An enger spannender Partie huet sech den T71 Diddeleng no Verlängerung mat Amicale Steesel duerchgesat.

No enger ausgeglachener Ufanksphas huet sech Diddeleng am zweeten Deel vum 1. Véierel lues a lues ofgesat. Ënnert dem Impuls vum Jimmie Lee Taylor, deen 8 Punkte bäigesteiert huet, stoung et um Enn 22:12 fir d'Heemekipp. D'Gäscht hunn awer direkt reagéiert a Bob Melcher a Co hunn den 2. Quarter mat 23:14 fir sech entscheet. An der Paus stoung et deemno 36:35 fir den T71.

An der Suite war et nees d'Heemekipp déi sech am 3. Véierel ofsetze konnt. D'Amicale huet de Réckstand awer um Enn verkierzt a sou ass et mat engem 61:56 fir Diddeleng an den decisive Véierel gaangen. D'Gäscht konnte séier ausgläichen, soudass et an der Schlussphas hin a hir gaangen ass. Quasi am Sekonnentakt hunn d'Féierunge gewiesselt. 10 Sekonne viru Schluss huet de Scott Morton d'Amicale mat 80:79 a Féierung geworf. Nodeems de Moses Greenwood just 1 vun 2 Fräiwërf fir den T71 erageschoss huet, goung et an déi 1. Overtime. D'Heemekipp hat méi e laangen Otem an huet do um Enn knapp mat 94:89 d'Iwwerhand behalen.

De Racing aus der Nationale 2 huet sech donieft iwwerraschend mat Zolwer aus der LBBL behaapt a steet och an der nächster Ronn.

Schieren (Nationale 2) huet sech doheem misse mat Gréngewald geschloe ginn.

Am Match tëschent den East Side Pirates Berbuerg aus der Nationale 3 an de Musel Pikes gouf et eng kloer

De BC Mess aus der Nationale 2 huet sech iwwerdeems mat Préizerdaul aus der Nationale 3 duerchgesat.

D'Resultater vun der Coupe am Iwwerbléck