Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Coupe am Handball: D’Red Boys zéie géint Diddeleng an d’Halleffinall an

Bei den Dammen a bei den Häre sinn e Samschdeg d’Véierelsfinalle vun der Coupe gespillt ginn.

Bei den Hären hat de Chev Dikrech keng Problemer beim HB Museldall a konnt de Match géint den Underdog souverän mat 33:20 fir sech decidéieren. Am spannendste Match vum Dag setzen d’Red Boys vun Déifferdeng sech mat 31:26 géint Diddeleng duerch. Schonns zur Paus hate si sech eng kleng Féierung erausgespillt, déi si net méi hier ginn hunn.

Bei den Dammen huet den HC Standard Forfait erkläert, soudass d’Partie mat 20:0 un Diddeleng geet. Donieft zitt Dikrech no engem, wéi ze erwaarden, ganz enke Match zu Déifferdeng (22:21) och an d’Halleffinall an. Obwuel et an der Paus nach no engem enke Match ausgesinn huet, konnt den Handball Esch sech um Enn relativ kloer mat 26:19 géint den HB Museldall duerchsetzen. Am leschte Match ass Käerjeng senger Favoritteroll gerecht ginn, soudass den Titelverdeedeger sech däitlech mat 51:17 beim Zweetligist Réiden konnt behaapten.

Den Iwwerbléck vun de Resultater