Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Coupe am Volleyball: Bei den Häre sti Fenteng a Stroossen an der Finall

Sport - Coupe am Volleyball
RTL

© AFP

Béid Ekippe konnte sech an dräi Sätz kloer géint hir Géigner duerchsetzen.

Nodeem sech en Donneschdeg schonn d'Damme vu Mamer a Bartreng fir d'Finall vun der Coupe am Volleyball qualifizéiert hunn, war et e Freideg den Owend un den Hären.

An der éischter Partie gouf et dann eng kloer 3:0-Victoire fir déi Stroossener géint Dikrech. Stroossen konnt den éischte Saz mat 25:22 fir sech entscheeden, dono gouf et e 25:19 an e 25:16.

Hire Géigner an der Finall kënnt aus Fenteng. Si hate géint Biissen keng gréisser Problemer a wannen no dräi Sätz (25:19, 25:11 a 25:16) hire Match kloer.