Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Cyclocross: 6. Plaz fir d'Marie Schreiber zu Besançon

Nieft dem Marie Schreiber ware mam Maité Barthels, Liv Wenzel an Anouk Schmnitz nach dräi weider Lëtzebuerger Coureusen un den Depart gaangen

E Sonndeg ass et beim Weltcup zu Besançon bei der Dammen Elite e Succès fir d'Puck Pieterse aus Holland ginn. D'Hollännerin ass mat engem Virsprong vu 37 Sekonnen op d'Landsfra Annemarie Worst op d'Arrivée komm. Déi drëtt Plaz war fir d'Hollännerin Inge van der Heijden (+43s).

D'Marie Schreiber ass als bescht Lëtzebuergerin mat engem Retard vun enger Minutt an 10 Sekonnen op déi 6. Plaz gefuer. Déi 44. Plaz war iwwerdeems fir d'Maité Barthels mat engem Retard vu 7:06 Minutten an d'Liz Wenzel gouf 47. (+8:10m).

Bei den Damme Junioren konnt sech d'Kanadierin Ava Holmgren knapp virum Xaydee van Sinaey (+1s) an dem Isabella Holmgren (+2s) behaapten. D'Anouk Schmitz ass hei mat engem Retard vu 5:40 Minutten op déi 34. Plaz gefuer.