© RTL Archiv
Am Weltcup zu Hulst ass d'Marie Schreiber eng gutt Course gefuer an huet sech um Enn op der 11. Plaz klasséiert. Gewonne gouf d'Course vum Puck Pieterse.
D'Hollännerin hat eng Avance vun 42 Sekonnen op d'Fem van Empel. Op déi 3. Plaz koum d'Shirin van Anrooij mat engem Retard vun 1 Minutt a 47 Sekonnen. De Podium war domadder komplett an hollännescher Hand.
D'Marie Schreiber ass op der 11. Plaz iwwer d'Arrivée gefuer an hat e Réckstand vun 3 Minutten an 49 Sekonnen. Am UCI World Cup läit d'Lëtzebuergerin op der 12. Plaz mat 74 Punkten.