Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

D’Kannerbetreiung vu muer …

Das könnte Sie auch interessieren

ARCHIV - 18.09.2019, Frankreich, Straßburg: Flaggen der Europäischen Union EU und ihrer Mitgliedsstaaten wehen vor dem Gebäudes des Europäischen Parlaments im Wind. Auch nach dem Brexit wird Englisch Experten zufolge eine wichtige Arbeitssprache innerhalb der EU bleiben. (zu dpa "Die Briten gehen, ihre Sprache bleibt") Foto: Philipp von Ditfurth/dpa +++ dpa-Bildfunk +++

Leben in Luxemburg

In Luxemburg werden Rechte von EU-Bürgern eingeschränkt. Zum Beispiel die Freizügigkeit. Und es gibt weitere Diskriminierungen.

Likes für russische Propaganda

IPO, Landeskongress Piraten.Foto: Gerry Huberty/Luxemburger Wort

Likes für russische Propaganda

IPO, Landeskongress Piraten.Foto: Gerry Huberty/Luxemburger Wort

Der ehemaligen Schatzmeisterin gefiel russische Propaganda auf Twitter - ihren Listenplatz behielt die Piratin trotzdem. Das missfällt der Parteileitung.

default

Jahresbericht 2022

default

Die Wohnungsbaugesellschaft SNHBM bleibt auf Wohnungen sitzen, weil potenzielle Käufer keinen Kredit bekommen.

Luxembourg Science Center

IPO , Differdange , Luxembourg Science Center , Problematik Nicolas Didier Firmengeflecht , Foto:Guy Jallay/Luxemburger Wort

Luxembourg Science Center

IPO , Differdange , Luxembourg Science Center , Problematik Nicolas Didier Firmengeflecht , Foto:Guy Jallay/Luxemburger Wort

Die Finanzinspektion stieß bei der Untersuchung der Finanzströme zwischen dem Science Center und der Firma GGM11 auf großes „Gewurstel“.

ARCHIV - 24.08.2019, Berlin: ILLUSTRATION - Ein Mann raucht eine E-Zigarette. (zu dpa - Urteil: Händler darf nicht mit Slogan «E-Ziga retten Leben» werben) Foto: Lisa Ducret/dpa +++ dpa-Bildfunk +++

Gesundheitsvorsorge

ARCHIV - 24.08.2019, Berlin: ILLUSTRATION - Ein Mann raucht eine E-Zigarette. (zu dpa - Urteil: Händler darf nicht mit Slogan «E-Ziga retten Leben» werben) Foto: Lisa Ducret/dpa +++ dpa-Bildfunk +++

Der Anteil der Raucher in der Gesellschaft bleibt hoch, vor allem die Jungen, aber auch verschiedene Produkte bereiten Sorgen.

Firwat d'Realitéit vu ville Puppelcher a Kanner momentan net esou ausgesäit, wéi déi vum Pit a vum Carina aus dëser Geschicht.

Analyse und Meinung

Firwat d'Realitéit vu ville Puppelcher a Kanner momentan net esou ausgesäit, wéi déi vum Pit a vum Carina aus dëser Geschicht.

Vum Carla Carvalho an Tom Nero *  

Stellt iech vir, de Pit an d’Carina kommen de selwechten Dag op d’Welt. Dem Pit seng Elteren entscheeden, dass de Papp nom „congé de maternité“ vun der Mamm de „congé parental“ fir sechs Méint ufreet, wärenddeem d’Mamm vum Pit nees hirer berufflecher Beschäftegung nogeet. 

Dem Carina seng Elteren entscheeden, dass d’Mamm no hirem „congé de maternité“ nees Deelzäit schaffe geet a vun engem „congé parental à mi-temps“ wärend engem Joer profitéiert. Obwuel si am Privatsecteur ugestallt ass, huet hire Patron hir dësen accordéiert, well mëttlerweil och dës Formel, vum Gesetz hier, als net rejetable gëllt. Der Mamm hire Patron war zwar ufanks net besonnesch begeeschtert, mee wou hie bis gemierkt huet, dass de Staat him en eventuelle Verloscht kompenséiert, huet hie sech mat dem neie Gesetz offonnt. Op laang Dauer huet hie souguer positiv Effekter gespuert, well seng Mataarbechter méi zefridden zeréck op d’Aarbecht komm sinn. Dëst huet sech positiv op d’Aarbecht an domat op d’Clienten ausgewierkt. 

De Pit an d’Carina hunn elo néng Méint, si konnten alle béid vill Zäit mat op d'mannst engem vun hiren Eltere verbréngen an déi éischt wichteg Bindungen an hirem Liewe opbauen. Si sinn zefridde Puppelcher. Well dem Carina seng Elteren alle béid nees beruffstäteg waren ab sengem drëtte Liewensmount, huet hatt ab deem Moment moies eng Crèche besicht vun 9 bis 13 Auer. Eemol d’Woch souguer just vun 9.30 bis 12 Auer, well d’Elteren dat duerch een Dag Télétravail esou organiséiert kruten.

Lok , Erster Schultag , Rentree , Claude Meisch besucht Brill Schule in Esch/Alzette , Schule , Fondamental , Ministre Education Nationale , Foto:Guy Jallay/Luxemburger Wort
Minister Meisch warnt vor „ideologischer Debatte“

Sind Kleinkinder besser daheim betreut oder in einer Institution? Darüber debattierten die Abgeordneten am Donnerstag in der Chamber.

Déi Moienter an der Crèche verbréngt d’Carina mat fënnëf anere Puppelcher am Alter vun dräi bis zwielef Méint an engem gutt equipéierte Sall. An dëser Zäit këmmere sech d’Isabella an de Max ëm déi sechs Kanner. Si hunn alle béid eng Ausbildung als „Educateur/-trice spécialisé(e) dans la petite enfance“ gemaach a wësse genau, op wat si bei Puppelcher ze uechten hunn. A well d’Bedierfnis vun engem Puppelchen ass, wann e kräischt, eng Reaktioun vun der Bezuchspersoun ze kréien, huelen d’Isabella an de Max d’Kanner aus hirem Grupp vill op den Aarm, schwätze mat hinnen an tréischte se, bis si genuch Vertrauen an Opmierksamkeet kruten, fir nees eng Zäitchen d’Welt ëm sech eleng ze entdecken.

Zu Zwee mat sechs Puppelcher ass dat zwar heiansdo e bësse stresseg fir d’Isabella, de Max an d‘Kanner, awer opgrond vun der gudder Agewinnungszäit haten d’Carina an seng Mamm véier Wochen Zäit, sech un d’Crèche, d’Isabella an de Max ze gewinnen. D’Isabella an de Max si Bezuchspersoune vum Carina ginn. D’Carina vertraut hinnen a fillt sech wuel. D’Isabella an de Max wëssen a spieren dat a weisen dem Carina weiderhin, dass si fir hatt do sinn, wann hatt si brauch. Dës Situatioun gëtt och dem Carina sengen Elteren ee gutt Gefill a si gi moies ouni schlecht Gewësse schaffen.

Duerch déi reegelméisseg Gespréicher an den Austausch tëschent dem Carina sengen Elteren an dem Isabella a Max, huet sech och tëschent hinnen Erwuessener eng Vertrauensbasis gebilt, wou béid Säiten sech hirer Verantwortung dem Carina géigeniwwer bewosst sinn.

De Pit huet an dësen néng Méint ganz vill Zäit mat sengem Papp verbruecht, dee sech ganz der Erzéiung vun sengem Bouf gewidmet huet. Och hien hat séier verstanen, dass de Pit net kräischt, fir hie rosen ze machen, mee dass hien hongereg oder midd ass, d’Pampers naass ass oder hie seng Zännercher wéi huet. Heiansdo wëll hien awer och just gedroe ginn oder op de Schouss kommen, well hien et gären huet, wann en d’Wäermt an d’Gebuergenheet vum Pappa spiert.

Politik , commission des pétitions , Elterngeld amplaz vu institutionellen Ausriichtungen , Foto: Anouk Antony/Luxemburger Wort
„Warum keine echte Wahlfreiheit herstellen?“

In einer gemeinsamen Sitzung am 18. April wollen die Abgeordneten der Ausschüsse Bildung und Familie die Debatte zum Elterngeld und Alternativen vertiefen.

Heibäi hunn dem Pit sengen Elteren d’Elterevirbereedungscourse gehollef, déi an der Maternité ugebuede goufen. Esou kandgerecht a familljefrëndlech kéinten och déi nächst Méint verlafen an dem Pit a Carina hir Eltere géifen op hiren Instinkt lauschteren an den zweeten „congé parental“ ufroen. Souwisou kann een deen zweete „congé parental plein-temps“ just nach bis zum Moment huelen, wou d’Kand maximal véier Joer al ass. Dëst ass am neie Gesetz esou festgehale ginn, well et wéineg Sënn mécht, dass dem Pit a Carina hir Eltere moies doheem sëtzen, wann d‘Kanner bis schoulflichteg sinn.

An dësem Superwaljoer wënsche mir, dass d’Kanner sollen am Mëttelpunkt sinn, wann Decisioune si betreffen.

Awer och déi nei Form vum „congé parental” ass interessant an esou entscheeden dem Carina seng Elteren no weideren dräi Joer, dass säi Papp dënschdes an donneschdes just moies schaffe geet wärend zwielef Méint. Dëst erlaabt et dem Carina sengem Papp, hatt un dësen zwee Deeg um 12 Auer aus der Spillschoul ofzehuelen a mat him de Mëtteg doheem ze verbréngen. D’Carina freet sech ëmmer op dës Mëtteger, wou de Pappa him eppes Guddes kacht oder heiansdo mat him an de Restaurant geet a nomëttes suguer Zäit huet, fir him beim Training nozekucken.

 … a vun haut 

Awer leider gesäit d’Realitéit vu ville Puppelcher a Kanner momentan net esou aus wéi déi vum Pit a vum Carina aus eiser Geschicht. D’Isabella an de Max hu souwisou no dräi Méint gekënnegt. Si hunn alles probéiert, wat si konnten, fir deenen zwielef Puppelcher gerecht ze ginn, mee leider ass dat hinnen net ëmmer gelongen. Si bräichten onbedéngt Verstäerkung. Si hunn och leider misste feststellen, dass d’Schoul se net optimal virbereet hat, fir deene klenge Kanner hire Bedierfnisser gerecht ze ginn.

Dem Carina seng Mamm krut de „congé parental à mi-temps“ vum Patron refuséiert an huet doropshin, opgrond vun der finanzieller Situatioun vun der Famill, entscheet, guer kee Congé ze huelen. Dem Carina senger Mamm deet et leed, dass si déi wäertvoll Zäit net konnt mat hirem Kand genéissen. Op Dauer huet dës Entscheedung si staark belaascht. 

Dem Pit säin Iwwergang an d’Crèche no dem Papp sengem „congé parental“ huet leider guer net gutt geklappt. D‘Elteren haten zwar gespuert, dass iergendeppes net stëmmt, mee d’Madame aus der Crèche hat no enger Woch gesot, si wieren elo oft genuch matkomm an et wier normal, dass de Pit nach géif kräischen, wa si en an d’Crèche bréngen. Hie géif dat souwisou eréischt léieren, wann d’Eltere bis net méi dobäi wieren. No dräi Méint huet de Pit effektiv net méi gekrasch an der Crèche. D‘Elteren hätte sech gewënscht, dass déi Professionell vun der Crèche sech hätte kéinte méi Zäit huelen, fir hire Jong ze begleeden, mee si kënne verstoen, dass dat mat esou vill Kanner net evident ass. Iergendwéi war de Pit ab deem Moment och doheem een anert Kand.

"Ein Kind zu kriegen, das hieße zurückfallen und alles aufgeben"

Mies bezahlt, Verantwortung für Haushalt und Kinder sowie vielfacher Leistungsdruck: Südkoreas Frauen haben keine Zeit mehr für Nachwuchs.

Dem Pit seng Mamm an dem Carina säi Papp entscheeden, kuerz virun de Kanner hirem sechste Gebuertsdag, de „congé parental plein temps“ unzefroen. Soss verfält dëse jo. Si hunn déi nächst sechs Méint sënnvoll genotzt, fir um Opbau vun hirer neier Firma ze schaffen. Well dëse Projet awer esou vill Zäit an Usproch hëlt, hu si entscheet, hir Kanner no der Schoul nach an d’Maison relais unzemellen. Dat klappt och alles, hir Kanner si jo un de Rhythmus gewinnt. Mee heiansdo hunn dem Pit a Carina hir Eltere e komescht Gefill, well d’Kanner esou wéineg vun hirem Dag verzielen. Mee bon, villäicht si se jo och einfach nëmme midd. 

Kand ze sinn hautdesdaags schéngt schonn iergendwéi ustrengend ze sinn.

Kand ze sinn hautdesdaags schéngt schonn iergendwéi ustrengend ze sinn, denke si sech. Wéi kënnen Elteren hautdesdaags an hirer wichteger Roll ënnerstëtzt ginn? Wéi kréie mir et hin, fir d’Bedierfnisser vun eise Kanner an dem ganze System net aus den An ze verléieren? A wéi eng Verantwortung iwwerhëlt de Staat heibäi fir eis Kanner? An dësem Superwaljoer wënsche mir, dass d’Kanner eng Stëmm kréien. Si sollen am Mëttelpunkt sinn, wann Decisioune si betreffen. D’Kanner hu keng Partei an och keng politesch Agenda. Dofir gëtt et Zäit, dass jidderee sech mat der Thematik ausernee setzt, fir modern Familljemodeller an enger moderner Gesellschaft ze schafen, ouni dobäi d’Grondbedierfnisser no Bindung a Gebuergenheet vun eise Kanner ze vergiessen. Mir hunn e Bierg Aarbecht virun eis. Kommt mir paken et zesummen un. 

* D'Auteure si Sozialpädagogen an Direktiounsbeoptragter vum staatlech konventionéierten SEA.

In der heutigen schnelllebigen Zeit besteht ein großer Bedarf an zuverlässigen Informationen. Fakten, keine Gerüchte, zugänglich und klar formuliert. Unsere Journalisten halten Sie über die neuesten Nachrichten auf dem Laufenden, stellen politischen Entscheidern kritische Fragen und liefern Ihnen relevante Hintergrundgeschichten.

Als Abonnent haben Sie vollen Zugriff auf alle unsere Artikel, Analysen und Videos. Wählen Sie jetzt das Angebot, das zu Ihnen passt.