Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

D'Meteo am Januar: De Januar 2023 war ze naass, a bal 1°C ze waarm

Trotzdeem ass am Januar Schnéi gefall, esouguer méi wéi d'Norm et virgesäit. D'Sonn huet allerdéngs manner geschéngt wéi üblech.

0,9  Grad Celsius war de Januar ze waarm par Rapport zu dem gängegen Duerchschnëtt, deen op der Statioun vum Findel gemooss gëtt. Fir genee ze sinn, louch d'Duerchschnëttstemperatur am éischte Mount vum Joer bei 3,3 Grad. Normalerweis ginn an engem Januar 1,4 Grad gemooss.

Den éischten Dag vum Joer 2023 war iwwerdeems direkt dee wäermste vum Januar. 12,3 Grad goufen den éischten 1. Januar 2023 gemooss. Op der anerer Säit war de 23. Januar mat -5,6 Grad de keelsten Dag vum éischte Mount am Joer.

Och d'Unzuel vu fraschtegen Deeg, op deenen den Thermometer och am Dag net iwwer 0 Grad klëmmt, war mat 14 méi niddereg ewéi gewinnt. Am Duerchschnëtt ginn et där am Januar 17.

Dann ass awer och méi Naasses vum Himmel komm. De Januar 2023 gëtt mat 102 Liter Reen op de Metercarré an den Archive festgehalen, dat sinn eng 30 Liter méi wéi normal.

Do huet och de Schnéi säint dozou bäigedroen. Ganzer 8 Deeg war eng Schnéidecke vun engem 1cm ze gesinn, wat och dem Duerchschnëtt entsprécht. Mat 7 Zentimeter gouf de maximum u Schnéi, den 21. Januar 2023 gemooss.

7 cm war war de maximum deen um Findel gemooss ginn ass, wann een dat mam Rekord aus dem vum 21.1.1951 vergläicht dee mat 36 cm an de Geschichtsbicher steet, da feelen do nach eng jett cm. Wann een dat mam Rekord aus Januar 1951 vergläicht, dee mat 36 Zentimeter an de Geschichtsbicher steet, feelen do nach eng jett Zentimeteren.

D'Sonn hunn mir allerdéngs manner dacks ze gesi kritt ewéi normalerweis. 27 Stonne sinn um Findel gemooss ginn, soss gi mir do am Januar alt mat 52 Stonne verwinnt.