Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

D'Police deelt mat: Abréch an Alkohol um Steier vun e Freideg op e Samschdeg

RTL

Am Laf vum Freideg krut d'Police 2 Abréch an Appartementer zu Betzder an um Kierchbierg gemellt.

Ausserdeem gouf an der Nuecht op e Samschdeg am Pafendall an um Verluerekascht jeeweils an en Auto agebrach.

Weiderhi mellt d'Police dann, dass an der Nuecht eng Partie Fürerschäiner wéinst Alkohol um Steier respektiv Drogen agezu goufen. Dat war am Rollengergronn, zu Märel, zu Helleng, zu Féiz an zu Esch-Uelzecht de Fall.

Zu Käerjeng war dann en Automobilist wéinst sengem Fuerstil opgefall. Den Alkoholtaux am Blutt louch bei 1,2 Promill, sou dass de Fürerschäin agezu gouf.

Zu Iechternach hat den Drogeschnelltest bei engem Chauffer e positiivt Resultat ugewisen. Och hie krut de Permis ofgeholl