Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

D'Police deelt mat: Dräi Fürerschäiner agezunn an Droge confisquéiert

En Donneschdeg haten dräi Chaufferen ze déif an d'Glas gekuckt a missten dowéinst hire Permis ofginn. Zu Waasserbëlleg waren iwwerdeems Drogen am Spill.

Géint 18.50 Auer gouf der Police een Auto op der B7 op Héicht vun Dikrech gemellt, deen a Schlaangelinnen ënnerwee war. Zu Miersch konnt d'Gefier schlussendlech gestoppt ginn. Well de Chauffer däitlech ze vill gedronk hat, musst hie säi Fürerschäin ofginn.

Ee weideren Auto, deen am Zickzack ënnerwee war, gouf géint 19.15 Auer an der rue Woiwer zu Déifferdeng gemellt. Och hei war den Alkoholtest positiv an ee provisorescht Fuerverbuet gouf ausgeschwat.

An der Nuecht op e Freideg ass dann nach ee weidere Chauffer duerch säin onséchere Fuerstil opgefall. No enger Sich konnt d'Police d'Gefier stoppen. De Chauffer war däitlech alkoholiséiert an hat Problemer sech op de Been ze halen. Och hie musst säi Permis ofginn.

Am fréien Nomëtteg waren enger Policepatrull zu Waasserbëlleg e puer verdächteg Persounen opgefall. Bei der Kontroll huet sech erausgestallt, datt eng Persoun 67 Gramm Haschisch souwéi divers Drogenutensilie bei sech hat. Doriwwer eraus goufen eng Matraque an eng gréisser Zomm Boergeld séchergestallt. Et gouf Protokoll erstallt.