Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

D'Police informéiert: Alkoholiséiert Persoun lant am Arrest

E Mëttwoch huet kuerz virun hallwer fënnef an der Stater rue Aldringen ee Mann Fraen an enger Bäckerei belästegt an huet e Sozialaarbechter attackéiert.

Géint 16.20 Auer gouf der Police e Mëttwoch een alkoholiséierte Mann gemellt, deen an der Stater rue Aldringen um Royal Hamilius randaléiert huet. Hie soll Fraen an enger Bäckerei belästegt hunn. Nodeems Sozialaarbechter dat bemierkt hunn, hu si de Mann ugeschwat, wouropshin dësen handgräiflech ginn ass. Och vis-à-vis vun de Policebeamte gouf de Mann ausfalend an aggressiv. Well de Mann eng Gefor fir sech selwer an anerer duergestallt hätt, gouf e vun de Polizisten immobiliséiert a koum no enger medezinescher Ënnersichung a Passagearrest. Et gouf Plainte beim Parquet gemaach.