Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Dag vum Europäeschen Noutruff: Leit ruffen dacks zu Onrecht op den 112 un

An Europa ass den 112 d'Noutruffnummer, doru gëtt den 11. Februar erënnert. D'Leit sollen och derfir sensibiliséiert ginn, fir wat den Noutruff do ass.

Den 11. Februar, also e Samschdeg ass den Dag vum Europäeschen Noutruff. Net nëmme wëlle Si domadder dorop opmierksam maachen, datt a ganz Europa déi nämmlecht Nummer gëllt, mee och en Dag ass, wou de CGDIS d'Leit wëll sensibiliséieren, andeems si se opklären, firwat den 112 do ass.

Wéini ruffen ech dës Nummer un? Vu wéini un ass et en Noutruff?

Schwéier ass et u sech net, an awer verwiesselen d'Leit all Dag den Noutruff mat der Police oder si hunn aner Problemer, ëm déi sech weder d'Pompjeeën nach d'Ambulanz drëms këmmeren. Beispiller dinn ee staunen. Leit, déi uruffen, fir datt se hir Piscinne fëlle kommen, oder anerer, well en Auto hënnert oder esouguer, well den Offloss verstoppt ass.

Skurril Fäll, déi mer live materlieft hunn, ginn et der leider ëmmer méi. Mir hunn de Jim Strainchamps een Dag mat der Kamera begleet an net schlecht gestaunt.