© MORITZ FRANKENBERGDPAdpa Picture-Alliance via AFP
Déi däitsch Bundesregierung an déi 16 Bundeslänner hu sech op d'Aféierung vun deem sougenannten 49-Euro-Ticket gëeenegt.
Dat hat den däitsche Bundeskanzler Olaf Scholz en Donneschdeg den Owend no enger Konferenz mat de Ministerpresidente vun de Bundeslänner matgedeelt. Deemno géifen déi däitsch Regierung an d'Bundeslänner sech d'Käschte vum Ticket deelen.
Den 49-Euro-Tickt soll fir den ëffentleche No-Verkéier a ganz Däitschland gëllen. Wéini den Ticket genee agefouert gëtt, ass nach net gewosst. Den Ament steet den 1. Abrëll als méiglechen Datum am Raum.