Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Däitschland: 49-Euro-Ticket soll am Abrëll agefouert ginn

Den Nofollger vum beléiften 9-Euro-Ticket an Däitschland kënnt. Vun Abrëll 2023 soll een den ëffentlechen Noverkéier fir 49 Euro de Mount notze kënnen.

Dorops hu sech en Dënschdeg d'Verkéiersministere vum Bond an de Bundeslänner gëeenegt. Op dem Spezialsommet sinn eng Rei Froen ëm de Finanzement allerdéngs nach net gekläert ginn.

U sech war geplangt gewiescht, den "Däitschlandticket", wéi en heesche soll, sonn den 1. Januar 2023 ze lancéieren.

Dësen Datum konnt allerdéngs net agehale ginn, well et nach eng Rei Virbereedungen ze maache gëtt a well och nach net ofschléissend gekläert ass, wéi déi zousätzlech Käschten dëst Bond a Länner opgedeelt solle ginn. D'Länner fuerderen, datt dës jeeweils zu 50 Prozent vum Staat a vun de Bundeslänner iwwerholl ginn.