Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Davis Cup am Tennis: Reforme gëllen och fir Lëtzebuerg géint Südafrika um Weekend

Lëtzebuerg géint Südafrika, esou heescht de Weekend d'Affiche am Davis Cup am nationalen Tenniszenter zu Esch.

Fir d'Ekipp vum Kapitän Gilles Muller geet et an de Playoffs drëms, d'Plaz am "Weltgrupp Zwee" ze assuréieren. No der Reform vun der Internationaler Tennisfederatioun ITF gëtt den Davis Cup just nach op zwee Deeg gespillt.

Davis Cup géint Südafrika/Reportage Franky Hippert

Viru 5 Joer hunn d'Lëtzebuerger Tennis-Hären fir d'lescht am Davis Cup hei zu Lëtzebuerg gespillt. 2018 gouf et eng 5:0-Victoire géint Georgien, mat nach dem Spiller Gilles Muller. Elo e Samschdeg an e Sonndeg sëtzt déi fréier Nummer 21 an der Weltranglëscht als Kapitän op der Bänk vun enger interessanter Ekipp, an där et e Mix aus jonk-opstriewend a ganz erfuerene Spiller gëtt, seet de President vun der Lëtzebuerger Tennisfederatioun, de Claude Lamberty.

"D'Spiller Chris Rodesch, Alex Knaff, Raphael Calzi an de Routinier Gilles Kremer an ech mengen d'Ekipp ass prett a bei esou engem Lännermatch do geet et ganz vill mat Emotiounen an dofir brauche mir och de Public."

Bei der Reform vum Davis Cup gouf decidéiert, just nach zwee amplaz vun 3 Deeg ze spillen. D'FLT huet sech decidéiert, fir hir Matcher samschdes a sonndes unzesetzen. Da gouf et bei där Reform awer och nach eng aner Ännerung.

"Fréier hate mer jo och nach déi traditionell 3 Gewënnsätz, dat e bëssen extra war, nieft de Grand Slams gouf et da jo eben och am Davis Cup, dat ass e bëssen anescht ginn, och fir de Spiller e bëssen entgéintzekommen, besonnesch och den Toppspiller, déi gesot hunn; ech spille keen Davis Cup, well et awer eng grouss Belaaschtung ass. Dunn ass an der Reform gesot ginn, ok, zwee Gewënnsätz, esou wéi dat bei normalen Tournoien de Fall ass. An esou ass et dann och elo, datt mer samschdes a sonndes jeeweils zwee Gewënnsätz spillen, e Samschdeg sinn zwee Simplen, um 2 Auer geet et lass, an e Sonndeg ass da vun 12 Auer un en Dubbel an dann nach zwee Simplen."

Reng vum Natioune-Ranking hier wären d'Südafrikaner als Nummer 52, an domadder 24 Plaze besser klasséiert wéi d'FLT-Formatioun, an der Favoritteroll. Mat der aktueller Form vun de Jonge vum Gilles Muller a mam Heemvirdeel an dem Lëtzebuerger Public stinn e Samschdeg an e Sonndeg zwee spannend Tennisdeeg um CNT zu Esch um Programm.