Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

De Bësch zu Lëtzebuerg: Ronn 200.000 Visiteure waren d'lescht Joer um Mëllerdall Trail ënnerwee

E wichtege CO2-Späicher, eng roueg Plaz fir sech zeréckzezéien, Sport ze maachen - an éischter Linn ass de Bësch awer e Liewensraum fir Déieren a Planzen.

Jo, de Bësch huet vill Gesiichter a Funktiounen an zanter der Pandemie esou vill Visiteure wéi nach ni. Elleng d'lescht Joer waren eng 200.000 Visiteuren um Mëllerdall Trail ënnerwee. De Spagat tëscht Naturschutz an Tourismus schéngt awer ze klappen. Déi Symbios géif gutt funktionéieren, meng de Christophe Origer, Präsident vum ORT Mëllerdall. Dat kéim awer och vill doduercher, datt si zesumme mat all den zoustännege Verwaltunge schaffen, fir d'Leit ze sensibiliséieren. Tatsächlech hätt een iwwert déi lescht Jore konstatéiert, datt ëmmer manner Knascht laanscht d'Bëschweeër läit. De Respekt vun de Leit vis-à-vis vun der Natur wier allzäit do. Trotzdeem géif ee weider profitéieren, fir zemools an de Naturschutzzonen informativ Panneauen opzeriichten, esou den Direkter vun der Naturverwaltung ANF Frank Wolter, och fir déi manner sensibiliséiert Leit.

An awer ass den Zoustand vun eise Bëscher beonrouegend. Borkenkäfer, Kränkten an Dréchent ploen d' Beem. Ëm sou méi wéi deet et dann, wann een alt nees gesäit, datt Beem neien Infrastrukture musse weechen. Ee Beispill: D' Tramsstreck bis op de Findel.

Zwar gëtt do ëmmer kompenséiert, ma en 100-järege Bësch kéint een awer net esou einfach duerch e jonken, frësch ugeplanzte Bësch ersetzen, versteet och de Gilles Biver vum Ëmweltministère. Grad dofir misst een ebe méi eng grouss Fläch kompenséieren, dat géif also mat berécksiichtegt. Natierlech géif ee bei neien Infrastrukturen och alleguerten d'Alternativen duerchgoen, fir ze kucken, op een de Bësch net awer kéint verschounen.

Ronn 50 Prozent vun de Lëtzebuerger Bëscher sinn iwwregens a privater Hand. D'ASBL Lëtzebuerger Privatbësch, grad wéi d'ANF, beméie sech dann och do a Saache Gestioun an Nei-Uplanze vu verschiddene Bamaarten ze sensibiliséieren.