Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

De François ass do: De Prënz Charles huet e klenge Bridderche kritt

D'Maison du Grand-Duc huet e Méindeg de Moien d'Gebuert vum Prënz François annoncéiert

E Méindeg de Moien um 10.05 Auer huet d'Ierfgroussherzogin Stéphanie en zweete Bouf op d'Welt bruecht. De Fils vum Ierfgroussherzog Guillaume a senger Fra ass 53 Zentimeter grouss a weit 3,5 Kilo. Säi ganzen Numm ass François Henri Luis Marie Guillaume.

Der Mamm an dem Puppelche geet et gutt, heescht et weider vum Haff.

Schreiwes vum Haff

Den Ierfgroussherzog an d’Ierfgroussherzogin hunn déi grouss Freed, d’Gebuert vun hirem Jong matzedeelen. Hien ass haut, Méinden, de 27. Mäerz 2023 um 10.04 Auer an der Stater Maternité Grande-Duchesse Charlotte op d’Welt komm.

De Prënz kritt de Virnumm François Henri Luis Marie Guillaume. Hien huet e Gewiicht vun 3,575 Kg an eng Gréisst vun 53 cm.

Der Prinzessin Stéphanie an dem Puppelche geet et gutt.
D’Ierfgroussherzoglech Koppel an de Prënz Charles freeën sech drop, Iech de Prënz François kënne virzestellen.