Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

De Kloertext: Jugendschutzreform am Intressi vum Jonken?

No joerzéngtelaangen heftegen Diskussiounen, läit eng grouss Reform vir, déi de Jugendschutz an d'Jugendstrofrecht vuneneen trenne soll.

Dës soll de Kanner a Jonke méi kloer Rechter garantéieren, internationale Standaren entspriechen an e Mindestalter fir d'Bestrofung festleeën. Ass et e Paradigmewiessel a firwat stéisst déi geplangte Reform deels op zolitte Widderstand?

1989 ass d'UN-Kannerrechtskonventioun a Kraaft getrueden a gouf kuerz drop och zu Lëtzebuerg ratifizéiert. Grondgedanke war, dass Kanner a Jugendlecher besonnesche Schutz bräichten. Ma doriwwer wéi dat genee soll ëmgesat ginn, gouf laang gestridden. De Projet deen elo um Dësch läit, soll sech radikal vun der aktueller Approche ënnerscheeden.

Ma déi proposéiert Reform suergt nawell fir zolidd Diskussiounen. De Parquet an d'Magistratur sinn der Meenung, dass ee bis ewell gutt gefuer wier an am Interessi vun de Jonke geschafft hätt. Bei der Reform, déi um Dësch läit, wier een net agebonne gewiescht.
Iwwerdeems sinn d'Kannerrechtsorganisatiounen der Meenung, dass elo d'Chance bestéing, endlech eng Legislatioun ze kréien, déi den internationale Standarden entsprécht an an där all Jonke seng Rechter garantéiert kritt.

Ausgeschafft gouf d'Reform vum Justizministère a vum Ministère fir Kanner Jugend a Bildung. Dräi Texter leie vir, duerch déi den Office National de l'Enfance gestäerkt gëtt an d'Autorité Parentale net méi automatesch un d'Institutioun geet, wann e Kand placéiert gëtt. Weiderhi soll festgeschriwwe ginn, dass kee Kand méi an en Erwuesseneprisong kënnt, de Mindestalter fir d'Bestrofung soll op 14 Joer festgeluecht ginn an et soll garantéiert ginn, dass all Mannerjärege juristeschen a soziale Bäistand huet.

Wat sinn d'Argumenter fir d'Trennung vu Schutz a Strofrecht, wat ass esou schlecht un deem wéi am Moment geschafft gëtt? Wat erkläert déi grouss Widderstänn vun der Justiz, ass déi Reform iwwerhaapt ëmzesetzen, wann net all d'Acteure matzéien a sinn Moyenen do, déi ambitiéis Ziler ëmzesetzen? Ass dës Reform am ieweschten Intressi vun de Kanner a Jonken?

Doriwwer diskutéieren en Donneschdeg den Owend am Kloertext op RTL Tëlee Lëtzebuerg, en Donneschdeg den Owend, déi gréng Justizministesch Sam Tanson, déi de Projet vun hirem Virgänger Felix Braz erëmgeholl an iwwerschafft huet, dem Direkter vum Office National de l'Enfance a 1er Conseiller de Gouvernement am Ministère fir Bildung Kanner a Jugend Gilles Dhamen, dem Ombudsmann fir Kanner a Jugendlecher beim OKaJu Charel Schmit, dee sech scho laang fir eng Reform asetzt a mam Professer fir Strofrecht Stefan Braum vun der Uni Lëtzebuerg, dee sech duerchaus kritesch an den Debat iwwer d'Reform abruecht huet.

Eis Invitéeë sinn

Sam Tanson

Justizministesch vun déi Gréng

Gilles Dahmen

1er Conseilléier am Educatiounsministère an Direkter vun

Charel Schmit

Ombudsmann fir Kanner a Jugendlecher (OKaJu) an Direkter vum Office Nationale de l'Enfance

Stefan Braun

Professer fir Strofrecht op der Universitéit Lëtzebuerg
Vun 2012 bis 2017 Doyen Droits- Fakultéit

Kloertext leeft am Prinzip all zweeten Donneschdeg um 20 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg - direkt nom Journal. Op RTL.lu an iwwert d'App streame mir de ganze Programm vun RTL Télé Lëtzebuerg. Dir kënnt de Kloertext also och am Livestream suivéieren an dono am Replay an am RTL Play nach eemol kucken oder consultéieren, respektiv kommentéieren. (Et kann awer e bëssen daueren, bis d'Emissioun no der Diffusioun komplett fir den Internet konvertéiert ass. Merci fir Äert Versteesdemech.)