Am Summer hunn d'Bëscher gebrannt, den Hierscht war bal hëtzeg ginn duerch explodéierenden Energiepräisser.
Mam Tripartitesaccord ass de soziale Fridden erhale ginn an et gouf Zäit gewonnen, ma ass et e gudden Accord? Wat fir ee Signal geet vum Tripartitesaccord aus, wou lo am Joer virun de Wale versicht gouf, Rou an Zäit ze wannen, fir de Präis vun engem Deckel op den Energiekäschten, dee mat Steiergelder finanzéiert gouf? War et déi bescht Léisung, fir séier Hëllefen an esou d'Inflatioun ze drécken, oder feelt da nees dat wichteg Signal, fir ze spueren?
Wat ass mat der Klimaurgence, déi ee manner spiert a wou een och manner spuert mat engem Energie- Präisdeckel fir jiddereen? Wéi awer kann ee béid Krisen zesummen ugoen? Si d'Moyenen a de Wëllen do, a wat kënne Bierger, Gemengen a Staat kuerzfristeg maachen?
Sinn och nach genuch Suen do no all den Hëllefen, vun deene kee weess, wéi deier se um Enn ginn, fir d'Energietransitioun fort vun de Fossilien hinzekréien? Dës Transitioun, déi sou laang verschleeft gouf, an elo duerch dem Putin säi Krich allgemeng als Auswee gesi gëtt, awer och net séier ëmzesetzen ass?
Wéi déi grouss Kris ugoen, ouni dass eng op Käschte vun der anerer geet? Dat alles ass Thema en Donneschdeg den Owend am Kloertext.
Eis Invitéë sinn
Carole Muller
Presidentin Confédération Luxembourgeoise de Commerce
CEO vu Fischer
Patrick Dury
President LCGB
Vizepresident Chambre des Salariés
Luc Friederich
Ëmweltberoder Gemeng Miersch
Klimapakt- an Naturpakt-Beroder
Magali Paulus
Engagéiert fir ökologesch Transitioun a sozial Gerechtegkeet ë.a. bei CELL & Tax Justice
Kloertext leeft am Prinzip all zweeten Donneschdeg um 20 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg - direkt nom Journal. Op RTL.lu an iwwert d'App streame mir de ganze Programm vun RTL Télé Lëtzebuerg. Dir kënnt de Kloertext also och am Livestream suivéieren an dono am Replay an am RTL Play nach eemol kucken oder consultéieren, respektiv kommentéieren. (Et kann awer e bëssen daueren, bis d'Emissioun no der Diffusioun komplett fir den Internet konvertéiert ass. Merci fir Äert Versteesdemech.)