Wéi de "Contacto" matdeelt, hätt een dës Informatioun vum Lëtzebuerger Parquet, deen hei enquêtéiert, bestätegt kritt.
E Méindeg den 19. September 2022 gouf jo net wäit vun der franséisch-Lëtzebuerger Grenz eng Läich vun enger jonker Fra hannert engem Supermarché zu Mont-Saint-Martin entdeckt.
"Et géifen effektiv Indice ginn, dass d'Affer déi portugisesch Nationalitéit hat an am Grand-Duché gewunnt a gelieft huet", esou de Parquet op Nofro vu "Contacto". Weider Informatioune goufen net genannt. Wéi gesot sinn dës Informatiounen net confirméiert, et handelt sech à ce stade ëm Indicen.
De Kierper vun der Fra gouf den 19. September vun engem 16 Joer jonke Jugendlechen fonnt, dat hannert engem ale Supermarché zu Mont-Sain-Martin am Departement Meurthe-et-Moselle. De Proprietär vun engem Café huet doropshin d'Police alarméiert.