Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

De Stecker gezunn: Deeler vum Norden ouni Stroum

E Mëttwoch ass et zu Wanseler, Wëntger a Wolz zu enger gréisserer Stroumpann komm. Schonn den 8. Januar waren Deeler vum Norde laang ouni Elektresch

E Mëttwoch dierften an de Gemenge Wanseler, Wëntger a Wolz verschidde Leit ee klengen Déja-vu gehat hunn. Wann een dem Internetsite vun der Creos an dem automatesche Band vun hirer Helpline gleewen dierf, gouf et nämlech vun ongeféier 16:15 Auer un eng gréisser Stroumpann an deenen dräi Gemengen. Wärend d'Elektresch zu Wolz eng Stonn soll fort gewiescht sinn, waren et 77 Minutten zu Wanseler a 97 Minutten zu Wëntger. Réischt den 8. Januar waren eng Partie Nordgemengen, dorënner Wolz a Wëntger, deels méi wéi zwou Stonnen ouni Stroum. Deemools war den Ausléiser vun der Pann en Defekt un engem Kabel mat Mëttelspannung um Posten zu Rulljen, un deem Wolz, Näertrech, iwwer Uewerwampech, Nacher, Heischent bis Eschduerf ugeschloss sinn. Wat dës Kéier de Grond war, ass nach net gewosst, well beim Service communication vun der Creos keen ze erreeche war. Och d'Buergermeeschtere vun deenen dräi betraffene Gemenge konnte nëmme bedéngt Liicht an d'Däischtert bréngen, well se entweder zu deem Ament net um Territoire vun hirer Gemeng waren oder an engem Deel vun der Gemeng deen anscheinend net betraff war. Méiglecherweis ass ee bei der Creos muer méi gespréicheg.