Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Decisiven Ament am Krich?: Ukrainesch Truppe schénge Géigenoffensiv gestart ze hunn

Decisiven Ament am Krich?

Wéi eng Partie Krichsexperten, dorënner och d'US-Denkfabrick ISW mellen, huet "d'ukrainesch Géigenoffensiv ugefaangen".

D'Ukrain kéint Schätzungen no hir Géigenoffensiv géint d'russesch Arméi gestart hunn. Zanter Deeg géingen d'ukrainesch Autoritéite sech un hire Linnen halen an net vill iwwer hir Aktioune berichten. Den Institute for the Study of War (ISW) schätzt awer, datt et net "eng eenzeg grouss Offensiv" gi wäert, mä éischter eng Rei vu verschidde koordinéierten Aktiounen, wéi et aktuell schonn de Fall ass.

Iwwerdeem behaapt d'russesch Arméi, si hätten eng ukrainesch Offensiv an der Regioun Saporischschja zréckgeschloen a Kiew domat schwéier Verloschter ugedoen. Enger Analys vun engem héije franséischen Offizéier vun e Mëttwoch no ass "den Drock op d'Ukrainer immens héich a mir sti vläicht un engem decisiven Ament vum Krich". D'Ukrainer wéissten awer och, datt si keng sëllege Geleeënheeten hunn, fir d'Russen zréckzedrängen an déi besat Gebidder zréck z'erueweren.

D'Zerstéierung vum Kachowka-Staudamm dierft Schätzunge vun engem Militäranalyst aus Zürich no kee groussen Impakt op de militäresche Verlaf vum russesche Krich géint d'Ukrain hunn. "Et ass éischter onwarscheinlech, datt d'Ukrain den Dnipro als bedeitend Offensivachs virgesinn hat", esou den Niklas Masuhr, Fuerscher am Center for Security Studies vun der Uni ETH zu Zürich. Dat wéinst den héije Risken, déi domat verbonne sinn, eng Operatioun iwwert de Floss ze starten.

D'Schwéierpunkte vun den annoncéierten ukrainesche Géigenoffensive géinge wuel éischter aus dem Norde vu Saporischschja an den ëstleche Regioune vun Donezk a Luhansk kommen. "Den Dammbroch dierft an der ukrainescher Direktioun keen allze grousse Schock ausgeléist hunn", esou den Niklas Masuhr weider.