Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Deelmobiliséierung: Russland zitt 300.000 Reservisten an de Krich géint d'Ukrain an

D'Annonce vun enger Deelmobiliséierung weist op eng weider Eskalatioun am Krich hin.

Nodeems den tierkesche President Erdogan en Dënschdeg an engem Interview gesot hat, de President Putin wéilt de Krich an der Ukrain esou séier wéi méiglech op een Enn bréngen, huet de russesche Verdeedegungsminister e Mëttwoch an enger Usprooch annoncéiert, datt d'Truppen opgestockt gi sollen.

An der vum Putin ugeuerdenter Deelmobiliséierung sollen 300.000 Reservisten an d'Ukrain geschéckt ginn, déi schonn Erfarung am Militär gesammelt hunn. De Verdeedegungsminister Sergej Schoigu sot, am Ganze géifen et a Russland eng 25 Millioune Reserviste ginn.

Et géif drëms goen, russesch Territoiren ze verdeedegen, esou de Putin. Zil vu Russland wier et, d'Regioun Donbass am Oste vun der Ukrain ze "befreien".

A senger Usprooch huet de Putin dem Westen e Mëttwoch virgeheit, Russland "zerstéieren" ze wëllen. Russland géif all "disponibel Mëttel" asetzen, fir säin Territoire ze verdeedegen.

Nodeems d'Ukrain an de leschte Wochen ëmmer nees Terrain zeréckgewonnen huet, hu pro-russesch Separatisten an de besate Gebitter an der Ost- a Südukrain "Referenden" annoncéiert, an deenen d'Leit iwwer eng Annexioun u Russland ofstëmme sollen. "D'Decisioun, déi d'Majoritéit vun de Bierger an de Volleksrepublicke Luhansk an Donezk, an de Gebidder Cherson a Saporischschja treffen, ënnerstëtze mir", esou de Putin a senger Usprooch.

D'Referenden, déi scho fir d'nächst Woch ugesat sinn an ouni Accord vun der Ukrain an ouni onofhängeg international Iwwerwaachung duerchgefouert ginn, lafen op eng séier Annexioun duerch Russland eraus. Eng ganz Rei Länner hunn an de leschte Stonnen op der UNO-Vollversammlung awer schonn annoncéiert, dës "Scheinreferenden" net unzëerkennen. D'Ukrain wäert de Schratt vu Russland als Ausdrock vun Angscht, datt d'Ukrain am Krich lues a lues d'Iwwerhand ze kréie schéngt.