Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Déi Gréng: "Et ass eng gutt Nouvelle, datt Sputt am Budget ass"

Dat hat d’Finanzministesch Yuriko Backes um Méindeg annoncéiert, well den Defizit manner héich ausfält wéi geplangt.

Si huet deemno Steierkreditter fir dëst an eventuell d’nächst Joer an Aussiicht gestallt. Déi Gréng fuerderen geziilt Mesuren, fir géint déi dräi grouss Krisen virzegoen. Dat sinn dem Partei-Co-President Meris Sehovic no d’Präisdeierecht, d’Logementskris a d’Klimakris. Hie fuerdert dowéinst: “Geziilten, sozial cibléiert Entlaaschtunge fir kleng Akommes a fir d’Mëttelschicht.”

Déi Gréng Reaktioun Backes/Reportage Michèle Sinner

Eng generell Upassung vun der Steiertabell ass de Moment fir déi Gréng net prioritär. D’Co-Presidentin Djuna Bernard seet, et wier wichteg, d’Balance ze halen, fir keng Géisskanepolitik ze maachen.

Dat och mam Bléck op d’Hëllefen, déi Tripartite decidéiert hat, fir op d’Hausse vun den Energiepräisser ze reagéieren. Déi lafen Enn des Joers aus. An dofir warnt Djuna Bernard, et misst een elo driwwer nodenken, wat ee mécht, wann déi héich Präisser weider unhalen. Dat och en Vue vun de Chamberwalen: “Do, mengen ech, wäerte mer an eng Zäit kommen, wou mer nach vläicht keng nei Regierung en Place hunn, wou een och elo scho muss verantwortlech handelen.”

De Meris Sehovic wënscht sech, datt de Sputt am Budget och gebraucht gëtt, fir massiv a abordabelen ëffentleche Wunnraum z’investéieren an och de steierleche Kader an deem Sënn z’adaptéieren.