Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Déi Gréng: Keng Suen aus Pensiounsfong fir Atomlobby

Am Virfeld vun der Chamberdebatt iwwert d'Investitiounspolitik vum Pensiounsfong widderspriechen déi Gréng dem Sozialminister Claude Haagen.

D’nächst Woch gëtt an der Chamber iwwer d’Investitiounspolitik vum Kompensatiounsfong vun der Renteversécherung fir déi nächst 4 Joer debattéiert. Konkret geet et do em d’Fro, ob d’Rentereserven nach sollen a Placementer goen, déi mat der Atomindustrie ze dinn hunn oder net. D’Vertrieder vun de Versécherten haten am Verwaltungsrot vum Kompensatiounsfong dogéint gestëmmt. Mee de Sozialversécherungsminister Claude Haagen hat eis gesot, wann een e ganze Wirtschaftssecteur wéilt ausschléissen, misst als éischt d’Gesetz geännert ginn. Innerhalb vun der Koalitioun ginn do d’Meenungen awer auserneen. De Charles Margue vun déi Gréng sot no der Reunioun vun der zoustänneger Chamberkommissioun gëscht zwou Saachen: Éischtens, datt seng Partei definitiv net wëll, datt d’Rentereserven weider an Atomenergie placéiert ginn. An Zweetens, datt am aktuelle Gesetz net esou kloer dra steet, datt ee kee ganze Secteur kéint ausschléissen.

Charles Margue zum Kompensatiounsfong

Charel Margue: "Wa sech erausstellt, datt dee Gesetzestext vun elo net duergeet, fir den Paräis kompatibel ze maachen, fir den Atom eraus ze kréien, da mussen mer eng Gesetzesännerung kréien. Ass déi gebraucht? Wëssen mer selwer nach net, well mer eis do juristesch schlau maachen an en Avis gefrot hunn."

Wéien Dag d’Orientéierungsdebatte an der Chamber ass, muss d’Conférence des présidents nach decidéieren.