Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Déi Gréng kritiséiere Stater Schäfferot: D'Haaptstad ass méi verwalt, an nëmme wéineg gestalt ginn

Déi Stater Gréng kritiséieren de Schäfferot, dee sech aus der DP an der CSV zesummesetzt.

An enger Pressekonferenz e Méindeg de Moien huet d'Oppositiounspartei der Koalitioun reprochéiert, a 5 Joer Amtszäit net vill geschafft ze hunn. D'Haaptstad wär méi verwalt, an nëmme wéineg gestalt ginn.

En Vue vun enger eventueller Knappheet misst d'Stad Lëtzebuerg iwwerall Energie spueren, wou et méiglech ass. Dofir misst eng Analys gemaach ginn. Déi Gréng fuerderen, dass de Spektakel "Winterlights" dëst Joer manner laang ass an, dass d'Beliichtung vun de Butteker a vun de touristeschen Attraktiounen an der Stad reduzéiert gëtt. Iwwerdeems missten d'administrativ Gebaier energetesch moderniséiert ginn.

Deene Gréngen no brauch d'Haaptstad méi Gréngflächen, fir datt een d'Hëtzt am Summer besser erdréit. Wann d'Place de la Constitutioun bei der Gëlle Fra amenagéiert gëtt, misst u Wisen a Planze geduecht ginn.

Den Duerchgangsverkéier misst aus de Quartieren eraus. An déi Gréng fuerdere méi Plaz fir Foussgänger, Terrassen a Beem. D'Avenue Pasteur um Lampertsbierg wär e Beispill, wéi een eng Strooss net nei gestalte sollt, esou déi Gréng.

Well den Trafic bannent der Stad an den nächste Joren nach wuesse wäert, muss den Tramsreseau deene Gréngen no weider ausgebaut ginn.

D'Schoulweeër solle besser geséchert ginn an d'Schoulhäff méi gréng a flott.

D'Stater Sektioun vun déi Gréng ass scho voll am Walkampf fir d'Kommunalwalen 2023. Schonn uganks Juli hate si de François Benoy als Kandidat fir de Poste vum Buergermeeschter presentéiert. Zweet Spëtzekandidatin ass d'Claudie Reyland.