Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Déidlechen Tëschefall um Escher Futtballterrain: Enquête dierft nach "eng gutt Zäit" daueren

Och zwou Wochen no der déidlecher Messerattack um Trainingsterrain vun der Escher Jeunesse gëtt et an deem Dossier kee neien Ament.

Op RTL-Nofro hin heescht et vun der Justiz, datt de viséierte Jugendtrainer, deen den Ugräifer mat engem Messer an engem Steen esou uerg verwonnt soll hunn, datt dësen am Spidol verscheet ass, nach ëmmer zu Suessem an Untersuchungshaft setzt. Den 22 Joer ale Mann kritt Doudschlag reprochéiert. Wéi et heescht dierft d'Enquête nach "eng gutt Zäit" daueren.

Bis ewell huet sech och nach keng Partie civile am Dossier vum Doudschlag etabléiert - also en Affekot, deen d'Interesse vum Mordaffer oder senge Famillje géif vertrieden.

D'Faite vum 20. Januar ronderëm den ënneschten Trainingsterrain op der Escher Hiehl sinn etabléiert: E Mann mat zwee Messeren am Grapp hat op engem Minimes-Training eng Partie Spiller an den Trainer agresséiert. De 25 Joer alen Ugräifer konnt doropshi vu puer Bedeelegten immobiliséiert ginn.

Allerdéngs soll dunn den Trainer eent vun de Messere geholl an e puer mol op den initialen Täter agestach hunn. Dëse gouf dobäi esou schro verwonnt, datt e méi spéit u senge Blessure verscheet ass.

Et gëllt och weider d'Présomption d'innocence.