Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Demissioun vu Kardiologen am CHdN: AMMD: Konsequenz vun enger "joerzéngtelaanger, gescheiterter Gesondheetspolitik"

D'Spidolsdirektioun an déi concernéiert Doktere wëlle sech, eegenen Aussoen no, nach emol uganks nächster Woch un en Dësch setzen.

Der Associatioun vun den Dokteren- an Zänndokteren (AMMD) no ass déi annoncéiert Demissioun vu Kardiologen aus dem Centre Hospitalier du Nord zu Ettelbréck eng schlecht Nouvelle fir d'Gesondheetsversuergung, déi leider previsibel gewiescht wier an eng direkt Konsequenz vun enger "joerzéngtelaanger, gescheiterter Gesondheetspolitik", wéi et an engem Communiqué vun e Freideg heescht. Rieds geet vun enger reegelrechter "Dokteschflucht" hei am Land an trotzdeem géif d'Politik net lauschteren. Déi strukturell Problemer net ugepaakt ginn.

Den Direkter vum Nordspidol hat sengersäits am RTL-Interview bedauert, datt déi annoncéiert Remuneratioun vun de Garden am Spidol bis elo nach ëmmer net Realitéit ass. D'Häerzdoktere selwer wollte sech RTL géintiwwer zu dësem Zäitpunkt net äusseren.