Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Den 3. Dezember: Weltdag vu Mënsche mat Behënnerung

Vill Betriber hale sech net un de gesetzlech virgeschriwwenen Taux, wéi vill Leit mat engem Handicap sollen agestallt ginn.

An der EU hu schätzungsweis 10-15% vun de Leit eng Behënnerung, Tendenz steigend. De Weltdag vu Mënsche mat Behënnerung, deen all Joers den 3. Dezember ass, setzt sech fir méi Visibilitéit an. Iwwerdeems soll d’Gesellschaft fir d’Besoine vu Leit mat engem Handicap sensibiliséiert ginn. Dem Info-Handicap an dem OGBL no, géing et nach Loft no uewen ginn beim Thema Inklusioun an de Schoulen an an der Beruffswelt, ewéi och wat d’Accessibilitéit am Alldag ugeet.

D’Integratioun vu Persoune mat engem Handicap fänkt schonn an de Schoulen un. Dem Info-Handicap no géingen ëmmer méi Kanner mat engem Handicap a klassesch Schoulen goen. Um Terrain géing awer ëmmer nach net alles riicht lafen.

De Yannick Breuer vun Info Handicap: "Wou awer nach ëmmer Problemer um Terrain do sinn, dat ass dass déi néideg Formatioun beim Schoulpersonal op der Plaz net ëmmer do ass an do entstinn dann natierlech och verschidden Ängschten an de Käpp vun de Leit, wéi z.B. wéi ginn ech eens wann ech e Kand hunn mat engem Handicap an enger Klass an do muss nach ëmmer eppes geschéien.”

Ma och an der Aarbechtswelt ginn et nach Problemer. Bei der ADEM hunn den Ament iwwer 20% vun den ageschriwwene Leit e Statut de salarié handicapé. Leit mat enger Behënnerung hunn et deemno ëmmer nach méi schwéier eng Aarbecht ze fannen an och agestallt ze ginn. Dat hänkt och domat zesummen, dass vill Betriber sech net un de gesetzlech virgeschriwwenen Taux géingen halen. Wéi eng Grënn dat kann hunn, erkläert de Joël Delvaux vum Département des travailleurs handicapés vum OGBL.

"Ech denken et ass ee groussen Deel un net wëssen, wou ee Leit vu Behënnerung kann astellen an a wat fir engem Posten, warscheinlech och vill Betriber, déi sech net bewosst si wat fir eng Rei un Hëllefsstellungen et ginn an déi se kënne kréien, an dann ass et natierlech och kloer, dass vill Betriber sech villäicht guer net bewosst sinn, datt se och nieft der Produktioun an dem Verkafen se och eng gewësse responsabilté sociale hunn.."

Et misst een dowéinst d’Betriber sensibiliséieren an ënnerstëtzen. Och misst besser kontrolléiert ginn, ob d’Betriber sech un den Taux halen an deementspriechend och e Minimum u Leit mat engem Handicap astellen.

Wann et ëm d’Accessibilitéit allgemeng geet, wier dem Info-Handicap no scho vill geschitt. Wou awer nach Loft no uewe bestoe géing, wier zum Beispill beim ëffentlechen Transport, oder bei der Ausgestaltung vun Internetsitten an Offere vu Medien.