Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Den Dossier: "E Liewen am Auto - D'Fra mat MCS": De Suivi 18 Méint duerno

D'Angie huet 28 Joer a leit ënner MCS, enger chronescher Ëmweltkrankheet.

4 Joer schonns lieft déi jonk Fra mat der schlëmmer Ëmweltkrankheet an hirem Auto, well si keng chemesch Gerécher ka verdroen. Déi klengste Quantitéite léise bei hir schlëmm Symptomer aus. Dat geet vu Reizer an de Schläimhait bis zur Asthma-änlecher Otemnout.

Den Dossier: E Liewen am Auto - déi jonk Fra mat MCS

MCS ass eng Krankheet, wou Betraffener schonns bei de klengste Partikele vu Gerécher wéi Seefen, Deo, Parfum, Botz a Wäschmëttel,  Weichmacher an de Plastiker a vill aner Produite reagéieren. An déi sinn iwwerall.

Fir alle Vergëftungen am Kierper ze entkommen, lieft d'Angie an hirem Auto, mëtten an der Natur, wäit ewech vun de Mënschen. Souwuel Summer wéi Wanter. Appartementer, Haiser, Roulotten oder Holz-Chaleten, sou wéi Klinicken an Dokter-Praxisse verdroen MCS-Patienten och net, well op all sou Plaze Partikele vu chemesche Stoffer ze riche sinn.

RTL