Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Den Haag: Méi Moyene fir dat internationaalt Strrofgeriicht

D'Roll vum internationale Strofgeriicht am Ukrainkrich war de Sujet vun enger Konferenz vun de Justizministeren aus 40 Länner e Méindeg zu London.

Lëtzebuerg war hei duerch d'Justizministesch Sam Tanson vertrueden.
D'Geriicht zu Den Haag krut do weider Suen a Personal zougesot.  D'Lëtzebuerger Justizministesch an hir Homologe ware sech eens, dass déi  russesch Invasioun an der Ukrain kloer illegal wier. Mëttlerweil wieren Dosende Krichsverbrieche bewise ginn.

Zanter d'leschtem Freideg gëtt et jo och en offiziellen Haft-Uerder, géint de russesche President Putin. Russland huet dowéinst elo den Haapt-Procureur vum Geriichtshaff, Karim Khan, inculpéiert. Dat well hien eng onschëlleg Persoun géif poursuivéieren.