Den Held vun Ettelbréck
De Mohammed Cheglal vu Mont-Saint-Martin huet zu Ettelbréck e Mann vun de Schinne gerett, ewéi en owes mam Zuch vun der Aarbecht heem fuere wollt.
Wann ee säin eegent Liewen a Gefor setzt fir engem anere säint ze retten, da schwätzt ee vun Zivilcourage a passt genee zu dëser Geschicht.
De Mohammed Cheglal vu Mont-Saint-Martin huet dëst zu Ettelbréck gemaach andeems en e Mann vun de Schinne gerett huet, ewéi en owes mam Zuch vun der Aarbecht heem fuere wollt.
E puer Woche méi spéit krut en eng Auszeechnung vun der Ettelbrécker Gemeng dofir. Zu Mont-Saint-Martin nennen se en "Super Momo" an e gëtt als en Held ugesinn.
De Mohamed huet eis déi ganz Geschicht erzielt , wéi et geschitt ass a firwat et him nach ëmmer schwéier fält, op déi Plaz, ob där et geschitt ass, zeréck ze goen.