Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Dëschtennis-EM-Qualifikatioun: Lëtzebuerger Damme klappen Éisträich a qualifizéiere sech fir d‘EM

En Donneschdeg den Owend ass d'Lëtzebuerger Dammennationalekipp am Dëschtennis zu Stockerau géint Éisträich ugetrueden.

Am September dëst Joer gëtt zu Malmö a Schweden d'Ekippen-EM am Dëschtennis gespillt. Fir sech ze qualifizéieren, mussen d'FLTT-Dammen an hirer Dräiergrupp mat Serbien an Éisträich op eng vun den éischten zwou Plaze kommen. Duerch jeeweils eng 3:1-Victoire an den Allersmatcher géint béid Natiounen hunn d'Lëtzebuerger Dammen natierlech eng gutt Ausgangspositioun gehat virum Retourmatch géint Éisträich.

En Donneschdeg den Owend hunn d'Ni Xia Lian, d'Sarah De Nutte an d'Tessy Gonderinger mat 3:1 géint Éisträich gewonnen. Fir Éisträich um Terrain stoungen d'Karoline Mischek, d'Amelie Solja an d'Anastasiya Sterner. Déi éisträichesch Nummer 1, d'Europameeschterin Sofia Polcanova, war en Donneschdeg net derbäi. Och d'Liu Jia huet gefeelt.

Mat hirer Victoire géint Éisträich hu sech déi Lëtzebuerger Dammen elo fir d'EM zu Malmö qualifizéiert.