Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Dëschtennis-WM: Lëtzebuerger Damme wanne géint Thailand a stinn elo an der Aachtelsfinall

An der Gruppephas kommen d'Lëtzebuerger Dammen duerch d'Victoire géint Thailand op d'mannst op Plaz 2 an hirer Grupp an domat och an d'Aachtelsfinallen.

No der Victoire géint Südkorea an den Iran, grad ewéi der Defaite géint Singapur, hunn d'Sarah de Nutte, Ni Xia Lian an d'Tessy Gonderenger um Méindeg géint Thailand musse gewannen, fir sech fir d'Ronn vun de beschte 16 ze qualifizéieren.

D'Ni Xia Lian huet am 2. Match just an engem Saz e bësse gewackelt. Um Enn gouf et hei dann awer och eng 3:1 Victoire fir d'Lëtzebuergerin géint d'Jinnipa Sawettabut.

Am 3. Match war et dunn den Duell tëscht dem Tessy Gonderinger an dem Wanwisa Aueawiriyayothin. Den 1. Saz goung mat 11:9 un d'Lëtzebuergerin. Am 2. Saz war et d'Thailännerin, déi mam selwechte Score konnt gewannen. Den 3. Saz goung mat 11:7 un Thailand. Am 4. Saz behält d'Thailännerin d'Iwwerhand mat 11:6, wouduerch dee Punkt un Thailand goung.

Deemno stoung et 2:1 fir Lëtzebuerg an d'Ni Xia Lian huet fir en zweete Match mussen untrieden, dat géint d'Orawan Paranang, géint déi d'Sarah de Nutte mat 3:0 gewonnen hat.

D'Ni Xia Lian hat e gudde Start an de Match an huet den 1. Saz mat 11:5 gewonnen. Am zweete Saz war d'Thailännerin mat 11:6 iwwerleeën an et stoung 1:1. Am 3. Saz war et ganz enk bis zum Schluss, mat um Enn engem 13:11 zu Gonschte vun der Lëtzebuergerin. De 4. Saz ass awer nees un Thailand gaangen, dat mat 11:8, wouduerch en decisive 5. Saz huet musse gespillt ginn. Am decisive Saz behält d'Ni Xia Lian d'Iwwerhand a gewënnt dee mat 11:6.

Domat gewënnt L a steet sécher an den Aachtelsfinallen, déi de 5. Oktober gespillt ginn.