Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Dëschtennisweltranglëscht: D'Tessy Gonderinger an Eric Glod klammen

En Dënschdeg gouf déi nei Weltranglëscht am Dëschtennis presentéiert. D'Tessy Gonderinger klëmmt ëm 38 an den Eric Glod ëm 23 Plazen.

En Dënschdeg gouf déi nei Weltranglëscht am Dëschtennis presentéiert. D'Tessy Gonderinger klëmmt ëm 38 an den Eric Glod ëm 23 Plazen. D'Tessy Gonderinger ass domat elo d'Nummer 261 op der Welt, den Eric Glod kënnt als beschte Lëtzebuerger Här op Plaz 223. Bei den Dammen sinn d'Sarah De Nutte (onverännert op Plaz 78) an d'Ni Xia Lian (minus eng Plaz op 39) nach besser wéi d'Tessy Gonderinger klasséiert. Am Dammendubbel verléieren De Nutte an Ni iwwerdeems eng Positioun a kommen elo op déi véierte Plaz an der Weltranglëscht. Am gemëschten Dubbel klammen De Nutte a Glod par Konter ëm zwou Plazen a sinn elo d'Nummer 41.