Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

DFB-Pokal: Stuttgart wënnt no historeschem Selbstgol, Union Berlin klappt Wolfsburg

Déi éischt DFB-Pokal-Aachtelsfinall tëscht Stuttgart a Paderborn war nawell turbulent. Ugefaange mat engem Selbstgol vum VfB.

Aus 48 Meter war et u sech schonn en historesche Selbstgol duerch de Konstantinos Mavropanos, dee seng Coequipieren um Terrain no dëser Aktioun nawell wakereg gemaach huet. Den Däitsche Futtball-Bund huet op Twitter vun engem "Selbstgol aus der gréisster Distanz an der Geschicht vum DFB-Pokal" geschwat.

D'Partie ass du mat 2:1 fir Stuttgart op en Enn gaangen. De VfB Stutgart konnt sech an enger geckeger Schlussphas eréischt an d'Véierelsfinall retten, mat zwee Goler vum Gil Dias (86') a Serhou Guirassy (90'+5').

Eriwwer bei déi zweet Partie vum Owend. Do steet den 1. FC Union Berln no engem 2:1 géint den VfL Wolfsburg an der Véierelsfinall. No engem fréie Géigegol duerch de Waldschmidt (5') hunn d'Berliner de Match gedréint an no Goler duerch de Robin Knoche (12') an dem agewiesselte Kevin Behrens (79') gewonnen.