Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Dir hutt d'Wuert - Replay: Den Dr. Jean-Claude Schmit: Geschwë wuel zweete Corona-Booster fir jiddereen

E Freideg de Moie war den Direkter vun der Santé am "Dir hutt d'Wuert" an huet op är Froen ëm d'Vaccine géint Corona an d'Afepouke beäntwert.

Dir hutt d'Wuert am Replay

Déi meescht Froe koume ganz kloer zum Thema Impfunge géint de Coronavirus eran. Vill Leit wollte wëssen, firwat sech aktuell just vulnerabel Persounen a Leit iwwer 60 Joer fir d'zweete Kéier boostere loossen dierfen. Dem Dr. Jean-Claude Schmit no géinge bis elo just fiabel Zuele fir dës Persounegruppe virleien. Dat dierft sech awer an net allze noer Zukunft änneren. Dee Moment krit dann och de Rescht vun der Populatioun eng Invitatioun geschéckt. Den Direkter vun der Santé huet och Erklärungen zu den neie Vaccinen ofginn.

"Do ginn et zwee Typpe vu Vaccinen, deen ee mam klassesche Virus plus de BA1, also deen éischten Omikron, dee mer haten. A lo méi rezent een anere Vaccin, wou de BA4 a BA5 dran ass an der méi spéider Well vun Omikron Rechnung dréit. Praktesch ass tëscht deenen zwee neie Vaccine ganz wéineg Differenz."

Grondsätzlech recommandéiert den Dr. Jean-Claude Schmit eng zweet Boosterimpfung. Wann ee sech awer rezent mam Coronavirus infizéiert huet, sollt een op d'mannst dräi Méint bis zur nächster Impfung waarden. Eng Impfung géint déi normal Gripp géing par Konter kee Problem fir eng Impfung géint Corona duerstellen. Well mer wéinst de sanitäre Mesurë vun de leschten zwee bis dräi Joer manner direkten tëschemënschleche Kontakt haten, kéint d'Gripp dëst Joer iwwerdeems méi hefteg ausfalen.

"Et ass duerchaus méiglech, datt eis Immunitéit e bëssi méi schwaach ginn ass. Eng Rei Experte rechnen domat, datt déi nächst Grippewell méi hefteg kéint ginn, well mer bëssi vun der allgemenger Immunitéit an der Populatioun verluer hunn. Dat ass ee Grond méi, firwat ee sech dëst Joer géint d'Gripp sollt impfe loossen."

Manner Froe wéi zu Corona oder der Gripp koumen zu den Afepouken eran. Mat Bléck op dëse Virus huet den Direkter vun der Santé  kloer gemaach, datt just eng bestëmmte Communautéit mat enger Impfung virbeuge sollt.

"Et solle virun allem déi Leit geimpft ginn, déi vill Geschlechtspartner hunn a reegelméisseg ënnerschiddlech Partner hunn an haaptsächlech Männer, déi Geschlechtsverkéier mat Männer hunn. De Rescht vun der Populatioun soll sech am Moment net impfe loossen."

Wéi sech déi sanitär Situatioun an den nächste Wochen a Méint entwéckelt, wäert och vum Wieder ofhänken. Bleift also op d'mannst mat Bléck op d'Gesondheet ze hoffen, datt Hierscht a Wanter net ze fiicht a kal ausfalen.
"Dir hutt d'Wuert" vun 8:10 Auer un. Schéckt eis är Meenung era via e Formulaire op eisem Internetsite RTL.lu oder telefonéiert eis e Freideg Moien op den 13 30.