Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Dir hutt d'Wuert - Replay: Den Dr. Jean-Claude Schmit iwwert d'Vaccine géint Corona an d'Afepouken

E Freideg de Moie war den Direkter vun der Santé am "Dir hutt d'Wuert" an huet op är Froen ëm d'Vaccine géint Corona an d'Afepouke beäntwert.

Et ass probabel, datt geschwënn déi ganz Populatioun eng zweet Booster-Impfung géint de Corona ka kréien,  sot den Dr. Jean Claude Schmit e Freideg de Moien.

Den Direkter vun der Santé huet erkläert, datt d'Date géife weisen, datt en zweeten Booster bei Leit iwwer 60 a Vulnerabele kloer géif Sënn maachen. Bei den anere Populatiounsgruppe wier et nach net esou kloer.

Ma den Austausch mat Experten am Ausland géif weisen, datt et an d'Richtung geet, datt jiddereen eng zweet Boosterimpfung ka maachen.

Den Dr. Schmit huet och ënnerstrach, datt een den Ament genuch Vaccinen op Stock hätt, d'Leit kéinte also wielen, wat se gesprëtzt kréien. An och déi nei, un den Omicron ugepassten Impfstoffer, géifen esou agesat ginn, ewéi se erakommen.

Corona- a Grippe-Impfungen géife sech iwwregens och ouni Probleem verdroen, kéinten also zesummen gemaach ginn.

Dir hutt d'Wuert am Replay

"Dir hutt d'Wuert" vun 8:10 Auer un. Schéckt eis är Meenung era via e Formulaire op eisem Internetsite RTL.lu oder telefonéiert eis e Freideg Moien op den 13 30.