Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Diskussiounen ëm de Bouneweger Hotel Graace: Ukrainesch Flüchtlinge logéiert, vill Zëmmeren awer eidel

De Retard, deen et beim Logement vu Flüchtlinge gëtt, erkläert d'Stater Gemeng domat, datt en Agrement vum Educatiounsministère ofgewaart gouf.

E Loyer vun 38.000 Euro de Mount bezilt d'Stater Gemeng zënter Abrëll, fir d'Zëmmeren am Hotel Graace zu Bouneweg ze lounen an do ukrainesch Flüchtlingen ënner ze bréngen. Dëse Projet geschitt zesumme mat der Caritas.

Bis ewell ass awer just eng eenzeg Famill, déi aus der Krichsregioun geflücht ass, do logéiert. D'Capacitéit sinn 28 Zëmmeren.

De Retard, deen et beim Logement vu Flüchtlinge gëtt, erkläert d'Stater Gemeng domat, datt huet missten en Agrement vum Educatiounsministère ofgewaart ginn, fir an den Hotels-Strukture jonk Flüchtlingen, déi manner wéi 26 Joer hunn, ënnerzebréngen.

An enger urgenter Fro wéinst der Affektatioun vum Hotel Graace hat de Stater Conseiller vun Déi Lénk Guy Foetz gefrot, firwat dann net aner Leit am Hotel dierfte wunnen. Doropshin huet den CSV-Sozialschäffe Maurice Bauer geäntwert, datt een dann an d'Situatioun komm wier, fir déi Leit nees ze relogéieren, esoubal den Agrement vum Ministère do wier.

CSV-Sozialschäffen Maurice Bauer

De Bail fir d'Zëmmeren am Bouneweger Hotel huet d'Stater Gemeng fir 6 Joer ënnerschriwwen.

No Brand a Bistro zu Bouneweg hätten all d'Locatairë kënne relogéiert ginn

Am Kader vun der Froestonn e Méindeg de Mëtteg am Stater Conseil war och gewuer ze ginn, wéi et nom Feier vu virun zwee Méint an engem Bistro zu Bouneweg an der Parkstrooss weidergaangen ass.

D'Buergermeeschtesch Lydie Polfer huet betount, datt nach nuets all Locatairë vun de Kaffiszëmmeren en Iwwergangslogement proposéiert kruten, dat hätte si awer refuséiert, fir awer Deeg duerno nees virstelleg ze ginn an awer e méigleche Relogement ze froen.

Och dës Offer an engem Stater Foyer gouf dunn awer vun de sinistréierte Leit refuséiert, déi op aner Méiglechkeeten zeréckgegraff hunn.