Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Dossier "Google Datazenter": Aktuell kee Kontakt tëscht dem Ëmweltministère a Google

RTL

© RTL Grafik

Aktuell ass et roueg ëm de Projet vum "Google-Datazenter" zu Biissen.D'Servicer vum Ëmweltministère hätten den Ament kee Kontakt mam Internet-Ris.

Déi lescht Echangen hätt et wéinst dem Rapport iwwert den Ëmwelt-Impakt vum Projet ginn, dee Google jo als Bauhär areeche muss. Ma dat wier nach net geschitt.
Deementspriechend gouf dann nach och keng Baugeneemegung ugefrot. Stéchdatum dofir ass 2024. Den Ament kéint de Ministère dann och keng Aussoen doriwwer maachen, ob den Delai mat all de Prozeduren nach kann agehale ginn.

Dës Explikatioune huet d'Ëmweltministesch Joëlle Welfring an hirer Äntwert op eng parlamentaresch Fro vun der CSV ginn.