Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

[email protected]: De Platzverweis an der Praxis: Wéi effikass ass dës Mesure?

D’Sécherheet am Garer Quartier ass en Thema, wat zanter Jore fir hefteg Diskussioune suergt.

Ee vun de Problemer: Wa sech Leit am Aganksberäich vun engem Gebai ophalen an esou d’Entrée blockéieren. Zanter e puer Méint huet d’Police legal Moyene fir dogéint virzegoen. Si kënnen déi betraffe Persounen, meeschtens Sans-Abrisen oder Drogekonsumenten, aus der Entrée ewechhuelen – wann et muss sinn, och mat Gewalt. Mee wéi effikass ass dës nei Mesure?

“Et ass zimmlech demütegend ze wëssen, dass een net méi fräi bei sech eran a raus kann.” Dat seet eis den David (Numm vun der Redaktioun geännert) am Interview. Hie wunnt zanter 6 Joer op der Gare an engem Gebai, wou sech reegelméisseg Drogekonsumenten am Aganksberäich ophalen. Zanter der Pandemie wier et besonnesch schlëmm ginn.

“Dass een heiansdo Moies muss Blutt an Urin propper maachen, dat ass net grad agreabel. A wann een da gesäit, dass d’Leit nach dobäi Mauere beschiedegen, Kabelen erausrappen ... Dat si Käschten, déi sech do unheefen. Et ass extrem demotivant, ëmmer alles rëm an d’Uerdnung ze setzen, fir dass et puer Deeg duerno rëm komplett degradéiert ass.”

Um Ufank hätt den David nach d’Police geruff. Hien hätt scho vill Gespréicher mat de Beamte gehat, déi him ënnert anerem dozou geroden hätten, virsiichteg ze sinn – besonnesch wann d’Leit viru senger Dier am Drogerausch sinn. Ma an der Lescht géifen d’Poliziste sech net méi sou dacks fir dee Problem deplacéieren. “Et spiert sech un, wéi wann et un “A vos côtés” sous-traitéiert gi wier”, erzielt den David enttäuscht. D’Aféiere vum Platzverweis hätt bis elo, wéi hie seet, absolut näischt bruecht. D’Leit hale sech trotzdeem viru senger Dier op.

Kritik gëtt et och vun der Säit vun der Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer:

“De Platzverweis géing schonn eppes bréngen, nach misst en awer gemaach ginn! D’Police, an eleng d’Police, huet de legale Moyen, fir Leit ze forcéieren, fir do fort ze goen. Mee da muss se et och maachen. An dat geschitt wierklech net oft.”

Fir den zoustännege Minister Henri Kox wier dat Ganzt eng Fro vun der Proportionalitéit a vum Fräiheetsgedanken:

“Mir sinn an engem demokratesche Rechtsstaat, wou mir d’Limitte vun deem mussen erkennen, well et ganz vill mat soziale Problemer ze dinn huet. Et sinn ënnerschiddlech Situatiounen, déi ënnerschiddlech Moossname brauchen. Wou d’Police natierlech een Deel vun der Léisung ka sinn, mee net den Ausschliisslechen.”

Et wier en Zesummespill tëscht de verschiddenen Acteuren: der Stad Lëtzebuerg, de sozialen Déngschter an der Police. Nach misst ee sech arodéieren, ma de Minister ass zouversiichtlech, dass déi richteg Richtung ageschloe gouf. En halleft Joer nom Aféiere vun der “Garantie d’Accès”, wéi de Platzverweis offiziell genannt gëtt, wéilt een en éischte Bilan zéien.

Och Dir kënnt eis op Problemer a Mëssstänn opmierksam maachen, mat enger E-Mail op [email protected].