Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Doudelued an der Westminster Hall: Staats- a Regierungscheffen aus aller Welt erweise Queen lescht Éier

Wäit iwwert d'Landesgrenze vu Groussbritannien eraus hat d'Welt mat Trauer a Schock op den Doud vun der Queen Elizabeth II. reagéiert.

Déi brittesch Kinnigin ass en Donneschdeg den 8. September am Alter vu 96 Joer am Schlass Balmoral a Schottland am Krees vun hirer Famill gestuerwen.

D'Queen selwer huet an de leschte Joren nach matgehollef, de genauen Oflaf no hirem Doud ze plangen.

En Dënschdeg ass de Sarg mat de stierflechen Iwwerreschter zu London ukomm a bis e Sonndeg war d'Doudelued an der Westminster Hall opgeboort. Bis 6.30 Auer eiser Zäit haten d'Leit nach d'Méiglechkeet, sech virun der Lued vun der Queen ze vernäipen.
D'Staatsbegriefnes vun der Queen Elizabeth II. e Méindeg den Owend op Schlass Windsor gëllt als eent vun de gréissten internationalen Evenementer, dat déi brittesch Haaptstad an deene leschte Joerzéngten erlieft huet. Et ass virgesinn, datt e Méindeg méi wéi 10.000 Membere vun der brittescher Arméi am Asaz sinn. Dovunner sollen eng 6.000 Zaldoten, Membere vun der Marinn an der Aviatioun bei de Prëssessiounen zu London an zu Windsor dobäi sinn, respektiv laanscht Stroosse stoen. Donieft soll d'Arméi och d'Rettungsdéngschter ënnerstëtzen.

Nieft Memberen aus anere Kinnekshaiser, Staatscheffen a Gäscht aus aller Welt, déi sech erwaart ginn, si schonn eng Partie Éieregäscht zu London. Zum Beispill den US-President Joe Biden, de kanadesche Premier Justin Trudeau, d'Regierungscheffin vun Neiséiland Jacinda Ardern an den australesche Regierungschef Anthony Albanese. Si hunn der Monarchin dann och schonn an hirem opgeboorte Sarg déi lescht Éier erwisen. Net invitéiert sinn d'Staatscheffen aus Russland, Belarus, Nordkorea, Myanmar, Syrien an Afghanistan.

RTL-NEWS: Trauer ëm d'Queen London bereet sech op d'Staatsbegriefnes vir

De Kinnek Charles III. hat bis dohin e volle Programm. Ier hien nach emol d'Invitéeën empfänkt, hat hien e Sonndeg de Mëtteg nach Rendez-vous mat der brittescher Regierungscheffin Liz Truss am Buckingham Palace.

E Samschdeg waren der Queen Elizabeth II. hir aacht Enkelkanner un hirer Doudelued fir eng Doudewuecht zesummekomm. Nieft dem Prënz William an dem Prënz Harry waren och d'Duechter vum Prënz Andrew, d'Kanner vun der Prinzessin Anne an d'Kanner vum Prënz Edward bei der kuerzer Zeremonie. Mam Réck zum Sarg, de Kapp gebéckt an offensichtlech ergraff, hu si eng 15 Minutten un hir Groussmamm geduecht, wärend weider Visiteuren duerch d'Westminster Hall passéiert sinn.

Do virdrun war d'Mënscheschlaang fir bei d'Doudelued vun der Queen kilometerlaang. Schonn e Freideg de Moie war den Undrang esou grouss, dass am Nomëtteg zäitweis keng weider Mënsche sech hunn dierfen ustellen. Eréischt no 6 Stonne gouf d'Schlaang nees opgemaach a ass dunn op iwwer 24 Stonne Waardezäit gewuess.

An dëser Schlaang waren awer och Perséinlechkeeten ze fannen, wéi ënner anerem den David Beckham, deen nach soll zum "Sir" ernannt ginn. Hien hatt sech en Donneschdeg um 2 Auer an der Nuecht an d'Rei gestallt a bal 12 Stonne gewaart, fir der Queen eng lescht Éier z'erweisen. Fir de fréiere brittesche Futtball-Profi war et e ganz emouvante Moment.

An an der Waardeschlaang unzestoen, war net evident, bei Temperaturen ëm just nach 7 Grad an der Nuecht op e Sonndeg. E Samschdeg den Owend haten den neie Kinnek Charles III. a säin eelste Fils Prënz William d'Leit an der Rei iwwerrascht. "Ech hoffen, Dir sidd net ze vill duerchgefruer", sot de Kinnek zu enger Fra.
Déi nei "Queen Consort", wéi d'Partnerin vum Kinnek a Groussbritannien genannt gëtt, huet e Samschdeg eng éischte Kéier en Interview ginn. Op der BBC huet d'Camilla hire Respekt ausgedréckt fir hir verstuerwe Schwéiermamm, déi hire Wee gaange wier, als eenzeg Fra an enger vu Männer dominéierter Welt.

Staatsbegriefnes um Méindeg

E Méindeg, 10 Deeg nom Doud vun der Queen, ass de Staatstrauerdag. Op deem Dag gëtt och d'Staatsbegriefnes an der Westminster Abbey ofgehalen.

D'Kinnigin gëtt op Schlass Windsor an der King George VI. Memorial Chapel nieft hirem Papp bäigesat. D'Lued vun hirem Mann Philip gëtt ëmgebett, fir an Zukunft nieft senger Fra ze rouen.

Nom Begriefnes soll nach 7 Deeg weider getrauert ginn, wéi de Palais antëscht matgedeelt huet. Bis dohinner sollen och d'Fändelen op de Schlässer am ganze Land op Hallefmast sinn, mat Ausnam vun der Plaz, wou sech de Kinnek ophält.

Um Dag vum Begriefnis gëtt eng Spezialemissioun op RTL Télé Lëtzebuerg diffuséiert.

Vun 10.50 Auer u ginn et Live-Impressioune vun London. Invitéeë beim Mariette Zenners am Studio sinn d'Colette Flesch an de Pierre Dillenburg.