Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

DP-Proposen: Pensiouns- a Biergerfong solle fir méi Wunnraum suergen

Et kéint een aus dem Pensiounsfong eraus an Immobilien investéieren a mat engem Biergerfong e neie Finanzproduit erausbréngen. Déi aner Parteie reagéieren.

D’DP wëllt a Saache Schafe vu Logement méi kreativ ginn. Et kéint een aus dem Pensiounsfong eraus an Immobilien investéieren an mat engem Biergerfong e neie Finanzproduit erausbréngen, an dee jidderee kéint seng Erspuernisser abezuelen, fir mëttel- a laangfristeg och en anstännege Rendement ze kréien.

D’Kapital aus dem Biergerfong géing de Staat dann an de Logement investéieren, sou de liberale Parteipresident Lex Delles um leschte Gemengewahlkongress. Dat do wier alles näischt Neies, äntwert de Gros vun den anere Parteien a mengt, et sollt een hei d’Patte vun de Pensiounsreserve ewechloossen.

E Biergerfong fir de Logement a mam Pensiounsfong an de Wunnegsbau investéieren

D’DP wëllt beim Schaafe vu Logement méi kreativ ginn. Aus dem Pensiounsfong eraus soll an Immobilien investéiert ginn an ee Biergerfong geschafe ginn.