Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

E Kompromëss op 99 Säiten: Biden a McCarthy finaliséiere Scholdendeal

Den US-President Joe Biden huet eng "final Léisung" am Scholdesträit bekannt ginn. Den 99 Säiten ëmfaassende Kompromëss ass awer net onëmstridden.

No hirer Grondsazeenegung am Scholdesträit hunn den US-President Joe Biden an den Oppositiounschef Kevin McCarthy de Gesetzesentworf, fir eng Insolvenz vun den USA ze verhënneren, finaliséiert. "Dat wier e weidere wichtege Schratt", sou de Biden zu Washington. Hien huet dann och un de Kongress, dee vun den Demokrate kontrolléiert gëtt, an un d'Representantenhaus ënnert de Republikaner appelléiert, fir dem Accord Gréng Luucht ze ginn.

Mam Accord wier e méigleche Bankrott vun den USA mat katastrophale Suitte vum Dësch, sou den US-President Joe Biden bei engem kuerzen Optrëtt viru Journalisten am Wäissen Haus. Weider sot hien nach, datt den Accord déi haart erschafften an historesch wirtschaftlech Erhuelung géing schützen an e Kompromëss géing representéieren, wat géing heeschen, datt keen alles kritt hätt wat e wollt.

De Biden an de McCarthy haten e Samschdeg no wochelaange Verhandlungen eng Grondsazeenegung am Scholdesträit erreecht. Den Informatioune vum Wäissen Haus no hu béid Politiker nach emol e Sonndeg matenee geschwat an den Accord vun 99 Säite finaliséiert. Dëse gouf e Sonndeg dann och publizéiert.

Speaker McCarthy and I reached a bipartisan budget agreement that will prevent the worst possible crisis – a default for the first time in our nation’s history.

This deal is good news for the American people.

I strongly urge Congress to pass the agreement right away. pic.twitter.com/6gQH4jvGV2

— President Biden (@POTUS) May 28, 2023

De McCarthy huet d'Representantenhaus fir e Mëttwoch aberuff, da soll iwwert den Accord ofgestëmmt ginn. Eigentlech sollt et keng Sëtzunge bis de 5. Juni ginn. Dës Paus gëtt elo ënnerbrach.

Den Accord géif warscheinlech net jiddereen zefridde stellen, mä e wier "e Schratt an déi richteg Richtung, mat deem kee gerechent hat", sou de McCarthy e Sonndeg der Tëleeschaîne Fox News géintiwwer. Hie géing och dovunner ausgoen, datt d'"Majoritéit" vun de republikaneschen Deputéierte fir den Text stëmme wäert.

Beim rietse Bord vun de Republikaner an dem lénke Fligel vun den Demokraten ass allerdéngs mat Kritik ze rechnen. Esou hat beispillsweis de republikaneschen Deputéierten Tim Burchett scho virun der Publikatioun vum Deal géintiwwer CNN gesot, dat hien net géif zoustëmmen, d'Scholdegrenz weider an d'Luucht ze setzen.

De grondleeënde Kader vum Ofkommes gesäit vir, datt d'Scholdegrenz, déi den Ament bei 31,4 Billiounen Dollar (ronn 29 Billiounen Euro) läit, fir zwee Joer ausgesat gëtt - an domadder iwwert déi nächst Presidentiellen am Joer 2024 eraus, sou datt d'Regierung weider Sue léine kann a fäeg bleift, fir ze bezuelen. Am Géigenzuch hunn d'Republikaner fir den nämmlechten Zäitraum verschidde Grenze bei den Ausgabe vum Staat duerchgesat.