© Domingos Oliveira / RTL
Wéi de CGDIS mellt gouf et e Mëttwoch de Moien géint 9:30 Auer e Feier an enger Scheier an der Rue du Barrage zu Rouspert.
Et gouf kee blesséiert, allerdéngs waren d'Pompjeeën vun 10 verschiddenen Asazzentren un de Läschaarbechte bedeelegt. Nieft de Pompjeeë vu Rouspert waren och d'Secouristen vun Uesweller, Konsdref, Iechternach, Gréiwemaacher-Mäertert, Jonglënster, Lëtzebuerg, Hesper, Miersch an Nidderaanwen-Schëtter op der Plaz. Och zwou Ambulanze waren do.
© Domingos Oliveira / RTL