Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

École internationale Gaston Thorn: Aweiung vun der 6ter ëffentlecher Europaschoul am Land

Europaschoule sollen et Kanner erméiglechen onofhängeg vun hirer Mammesprooch duerch de Lëtzebuerger Schoulparcours ze kommen.

Nei Europaschoul Gaston Thorn ageweiht.

Nei Europaschoul Gaston Thorn ageweiht.

All Schüler, onofhängeg vu senger Mammesprooch, déi selwecht Chancë ginn fir am Lëtzebuergesche Schoulparcours ze reusséieren. Dat ass Zil vun den ëffentlechen Europaschoulen.

Fir d’Rentrée 2022-23 ass d’ École Internationale Gaston Thorn an der Stad Lëtzebuerg opgaangen. Domadder huet elo all Regioun am Land eng eegen ëffentlech Europaschoul. “Mir gesinn an alle Bildungs-Etuden datt mer nach wäit ewech si vu faire Bildungschancë fir jiddereen. Dofir brauche mer eng Diversifizéierung vun der schoulescher Offer”, seet den Educatiounsminister Claude Meisch. “Dës Schoul ass net besser wéi déi traditionell Lëtzebuerger Schoul, mee se ass bestëmmt besser fir eng ganz Rei Schüler a Schülerinnen.”

Musikaleschen Optakt vun der Aweiungszeremonie haut. Keen Zoufall... D’Musek verbënnt op enger Plaz wou souvill verschidde Sprooche geschwat ginn. Erkläert d’Directrice Jessy Medinger. Nieft Demokratie, der digitaler Welt ass Musek ee vun den 3 Pilieren op dem d‘Konzept vun der neier Schoul baséiert.

9 Secondairesklasse vum 1ten an 2te Joer hunn am September hei um Geesseknäppchen ugefaangen. Englesch, Däitsch a Franséisch Sektiounen... An der Grondschoul zu Zéisseng si bis ewell just Englesch a Franséischsektiounen. 2 Stonne Lëtzebuergesch stinn awer och fir all Klass bis wäit an de Lycée um Programm. Lëtzebuergesch gëtt och vill tëscht de Schüler geschwat.

2 Friemsprooche sinn obligatoresch. Portugisesch, Italieenesch a Spuenesch kënnen zousätzlech geléiert ginn. De Schoulsystem baséiert op deem vun den Europaschoulen.

D‘École Internationale Gaston Thorn gëtt vum Educatiounsministère finanzéiert a riicht sech un all d‘Kanner, onofhängeg vun hirer Mammesprooch.