Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Ecuador a Peru: Wëll Vigel op de Galapagosinsele solle virun der Vullegripp geschützt ginn

An de leschte Wochen ass d'Vullekränkt mat den Zuchvigel och a Südamerika ukomm.

Ecuador wëll déi eenzegaarteg wëll Vullenaarten op de Galapagosinselen elo virun der Vullegripp aus Europa an Nordamerika schützen. Et wier "eng stänneg Iwwerwaachung an de Gebidder mat de meeschte Séivullen ugeuerdent ginn", ma och op allen touristesche Plazen, wéi den Direkter vum Galapagos-Nationalpark Danny Rueda matgedeelt huet.

Ecuador hat e Mëttwoch en Noutstand vun 90 Deeg verhaangen, nodeems déi héich ustiechend Krankheet bei Villercher an e puer Betriber festgestallt gouf. Dat heescht all Transport, egal vu wéi enge Villerchersproduiten aus de betraffene Regiounen, ass verbueden.
A Südamerika si bis ewell viru allem Peru an Ecuador vum H5N1-Virus betraff. A Peru si scho ronn 14.000 Séivigel gestuerwen, virun allem Pelikanen, an d'Autoritéite hu virsiichtshallwer op d'mannst 37.000 Hénger keile gelooss. Ecuador huet ugeuerdent 180.000 Zuchvigel ëmbréngen ze loossen.

Déi aktuell Vullegripp-Well ass a Kanada ausgebrach a breet sech vun do aus op d'USA aus, wou de Service fir Seuchenkontroll a -präventioun eng Rekordzuel vu 50 Milliounen Doudesfäll enregistréiert huet. Och an Europa huet sech de Virus esou staark wéi nach ni ausgebreet.

Géint d'Vullegripp, déi sech ënner wëlle Vigel immens séier ausbreet an awer och Zuchvigel infizéiere kann, gëtt et keen Traitement. Mënschen infizéiere sech an der Reegel net mam Virus, och wann et an e puer seelene Fäll scho virkomm ass.

D'Galapagosinsele sinn e Paradäis fir Villerchersobservateuren: Um Archipel liewe sëllegen eenzegaarteg a faarweg Vullen.