Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

EHF European Cup: Diddeleng verléiert de Retourmatch an ass domadder eliminéiert

Nodeems sech Diddeleng um Samschdeg am Allersmatch mat 26:25 duerchgesat hat, huet den HBD am 1. Tour de Retourmatch mat 24:27 géint Spor Toto verluer.

Diddeleng ass mat vill Confiance an de Match gestart. No knapp iwwer 5 Minutten hu Köller, Wirtz, Ilic a Becirovic déi Diddelenger mat 4:1 a Féierung geworf. Bis zur 17. Minutt konnt ee souguer op 10:5 dovunzéien. Spor Toto ass awer drubliwwen a konnt de Réckstand bis zur 23. Minutt op 3 Goler erofschrauwen. Diddeleng huet bis zur Paus awer nach emol Gas ginn a louch mat 14:9 vir.

No der Paus konnt d'Heemekipp bis op 6 Goler fortzéien, éier d'Gäscht aus der Tierkei erwächt sinn. Vun der 35. Minutt un, ass de Virsprong vum HBD ëmmer méi kleng ginn. Ronn 10 Minutte viru Schluss louch d'Resultat bei 21:20 fir Diddeleng. An der spannender Schlussphas ass et Hin an Hir gaangen. beim 23:22 louchen d'Tierken fir d'éischte Kéier am Match vir. Eng Minutt viru Schluss waren d'Tierken beim 26:24 mat 2 Goler am Avantage. Den HBD konnt kee Gol méi markéieren a sou hu Wirtz a Co. um Enn mat 24:27 verluer. Domadder ass den HBD am 1. Tour vum EHF European Cup eliminéiert ginn.