Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Éischt ëffentlech Konferenz: NASA-Experte fuerdere méi Daten zu UFOen

D'amerikanesch Raumfaartagence NASA huet sech eng éischte Kéier op enger ëffentlecher Konferenz mam Thema UFOe beschäftegt.

Deemno mat "net identifizéierte Fluchobjeten".

En Expertegrupp fuerdert méi a besser Donnéeën. D'Enquête wier immens wichteg, ënnert anerem aus Sécherheetsgrënn, sot en NASA-Manager. Bis elo kéinten der Autoritéit no vill UFO-Sichtungen net opgekläert ginn, well d'Donnéeën ze geréng, oder vu schlechter Qualitéit wieren.

16 vun der NASA ausgewielte Fachleit sollen elo eng Etüd virleeën, wéi een an Zukunft bei der Ënnersichung vun de Fluchobjete soll virgoen.

Den US-Verdeedegungsministère huet an de leschte Jore Rapporte virgeluecht, deenen no et fir e sëllege Siichtungen an de vergaangenen zwee Joerzéngte keng Erklärunge gëtt, ma och keng Indicen op geheim Technik vun anere Länner oder ausserierdeschem Liewen.