Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Éischt Verurteelungen: Chef vu rietsextreemer Miliz wéinst Attack op US-Kapitol verurteelt

Wéinst senger Roll beim Stuerm op den US-Kapitol huet en Jury de Grënner vun der rietsextreemer Miliz "Oath Keepers" schëlleg gesprach.

De Grënner a Chef vun der rietsextreemer US-Miliz "Oath Keepers", de Stewart Rhodes, gouf en Dënschdeg am Kader vun der Attack op de Kapitol wéinst "ophetzender Konspiratioun" vun engem Jury schëlleg gesprach. Nieft him gouf och e weidere Member vun der Miliz schëlleg gesprach. Hinnen zwee dreeë bis zu 20 Joer Prisong, dat geneet Urteelt soll an e puer Deeg bekannt gemaach ginn.

Et sinn déi éischt Verurteelungen nom Stuerm op den US-Kapitol de 6. Januar 2021. Ënnert anerem goufen d'Randaléierer wéinst de Versich, d'US-Regierung ze stierzen, ugeklot. De Parquet hat den am Ganze 5 Ugeklote reprochéiert, eng "arméiert Rebellioun" géint d'US-Regierung geplangt ze hunn. Déi dräi aner Ugeklote goufen en Dënschdeg dem Virworf vun der "ophetzender Verschwörung" fräi- , awer wéinst anere Strofdote schëlleg gesprach. D'Strofmoosse ginn eréischt méi spéit definéiert.

Membere vun der als regierungsfeindlech a gewalttäteger klasséierter "Oath Keepers"-Miliz haten zesumme mat Honnerten anere radikalen Unhänger vum ofgewielte President Donald Trump de Kapitol gestiermt. Der Uklo no haten de Stewart Rhodes an déi aner Ugeklote Waffen a Kampfekipement kaf an an engem Hotel an der Géigend vun der Haaptstad stockéiert. Dem Procureur vum Parquet no wier de Rhodes "wéi e Generol um Schluechtfeld" beim Stuerm op de Kapitol opgetrueden.

De Chef vun der rietsextreemer Miliz hat allerdéngs dementéiert, eng Attack op de Kapitol geplangt ze hunn. Hien a seng Miliz hätten un deem Dag eigentlech nëmme fir Sécherheet wärend der Ried vum Donald Trump suerge wëllen. "D'Oath Keepers sinn am Fong geholl e Friddenstrupp", sot den Affekot vum Miliz-Chef wärend dem Prozess.

De fréieren Zaldot Stewart Rhodes, dee seng Droits-Etüden op der Elite-Uni Yale ofgeschloss huet, hat "d'Oath Keepers" 2009 gegrënnt. D'Miliz rekrutéiert virun allem fréier oder aktuell Polizisten an Zaldoten a wëll géint eng presuméiert Tyrannei duerch d'US-Regierung virgoen. Och bei den "Oath Keepers" ginn et grouss Sympathië fir de fréieren US-President Donald Trump.