Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Ekipp vun der Woch am FIFA 23: De Gerson Rodrigues gëtt fir seng gutt Leeschtung belount

All Woch verëffentlecht EA an de FIFA-Spiller eng sougenannten Ekipp vun der Woch mat deene beschte Spiller. Och am neie Spill FIFA 23 ass dat de Fall.

Dës Spiller vun der Woch kréien dann eng verbessert Versioun vu sech am Spill bereet gestallt. Dës Woch huet sech fir d'éischt Kéier a FIFA 23 e Lëtzebuerger an dës Ekipp erageschlach. Rieds ass dobäi vum Gerson Rodrigues, dee fir seng gutt Leeschtung am Nationalekippstrikot belount gouf. Dës Kaart kënnen d'Spiller vum Modus Ultimate Team elo benotzen, fir sech eng Ekipp am Spill zesummenzestellen.

Verdéngt huet sech de Gerson Rodrigues dës Kaart, doduerch datt hien am huet a géint Litauen den entscheedende Gol fir d'Victoire geschoss huet. Den Upgrade, deen de Lëtzebuerger vun EA Sports spendéiert krut, ass iwwerdeems immens. Seng ursprénglech Gesamtstäerkt läit bei 72. Op senger Inform-Kaart krut de Rodrigues allerdéngs eng 79 spendéiert, wat engem Surplus vun insgesamt 7 Punkten an der Stäerkt entsprécht. Mat dësem Upgrade verbessert sech de Rodrigues vun enger sëlwer op eng gëlle Kaart an ass elo ee vun de séierste Stiermer am Spill.

RTL

Screenshot / © Futbin

Et ass allerdéngs net déi éischten Inform-Kaart, déi de Rodrigues vun EA Sports kritt. Schonns a FIFA 21 an a FIFA 22 krut de Gerson Rodrigues eng Inform-Kaart wéinst senge gudde Leeschtunge spendéiert. Am Ganze kruten d'Lëtzebuerger vun EA Sports bis ewell siwe Mol eng speziell Kaart zougedeelt. Deen éischte Lëtzebuerger, deen eng speziell Kaart krut, war de Maxime Chanot a FIFA 15. Am Spill FIFA 17 krute souwuel de Maxime Chanot, wéi och de Chris Philipps eng Inform-Kaart spendéiert. A FIFA 20 war et dunn de Christopher Martins, dee mat enger oranger Man-Of-The-Match-Kaart, eng speziell Kaart vun EA Sport krut. De Schluss maachen dann déi dräi Kaarte vum Gerson Rodrigues an de Spiller FIFA 21, FIFA 22 a FIFA 23.

Fir d'rout Léiwe leeft deemno net nëmmen an der Realitéit villes richteg, mä och an der digitaler Welt vum Futtball kënne sech d'Lëtzebuerger lues awer sécher en Numm maachen.